Provënz Limburg

Vu Wikipedia

D'Provënz Limburg war eng 1815 geschaf Provënz an de Vereenegten Nidderlanden. Si war aus dem Departement Meuse-Inférieure ervirgaangen, dat ënner der franséischer Herrschaft geschaf gouf; d'Verwaltungsstrukture vun deem Departement si gréisstendeels bäibehale ginn.

Den Numm war ausgesicht ginn, well an der burgundesch-habsburgescher Zäit eng vun de Siwwenzéng Provënzen sou geheescht huet. Si huet awer näischt mam alen Herzogtum Limburg ze di gehat, deem säin Territoire sech virun allem an der haiteger Provënz Léck erstreckt huet, wou och d'Stiedche Limbourg läit.

1839 gouf, duerch den Traité vu London, d'Provënz Limburg (wéi och d'Groussherzogtum Lëtzebuerg) tëscht der Belsch an Holland gedeelt. Zanterhier gëtt et: