Provënz Pinar del Río
| Provënz Pinar del Río | |
|---|---|
| Haaptstad: | Pinar del Río |
| Fläch: | 10.931 km² |
| Awunner: | 721.900 |
| Bevëlkerungsdicht: | 66,1 Awunner pro km² |
Pinar del Río ass déi drëttgréisst Provënz a läit am Weste vu Kuba. D'Haaptstad ass Pinar del Río.
Si grenzt am Osten un d' Provënz La Habana, am Norden un de Golf vu Mexiko an am Süden un d' Karibik.
Den Haaptprodukt vun der Provënz ass den Tubak, wou 80% vun der Tubakhierstellung aus ganz Kuba hierkënnt. Ausserdeem ginn hei nach Zitrusfriichten, Bananen a Räis ugebaut.
Hei fënnt een dee beschte Buedem an déi bekanntst Tabakubaugebidder zesumme mat landschaftlechen Attraktiounen wéi d'Mogotes, eng Aart Kallekbierger am der Valle de Viñales an de Guanahacabibes-Nationalpark, en Unesco-Biosphärereservat.
Provënz Camagüey | Provënz Ciego de Ávila | Provënz Cienfuegos | Provënz Ciudad de la Habana | Provënz Granma | Provënz Guantánamo | Provënz Holguín | Provënz Isla de la Juventud | Provënz La Habana | Provënz Las Tunas | Provënz Matanzas | Provënz Pinar del Río | Provënz Sancti Spíritus | Provënz Santiago de Cuba | Provënz Villa Clara
| Commons: Pinar del Río – Biller, Videoen oder Audiodateien |