Provënz Sancti Spíritus

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Provënz Sancti Spiritus)
Provënz Sancti Spíritus Statistesch Daten

Haaptstad: Sancti Spíritus
Fläch: 6.744 km²
Awunner: 453.300
Bevëlkerungsdicht: 67 Awunner pro km²

Sancti Spíritus ass eng Provënz an Zentral-Kuba a läit tëscht de Provënze Villa Clara a Ciego de Ávila. D'Haaptstad ass Sancti Spíritus.

D'Haaptakommesquelle sinn do d'Zockerindustrie an d'Véizuucht. Donieft gëtt do och nach Räis an Tubak ugebaut. Och den Tourismus ass vu grousser ekonomescher Bedeitung.

Trinidad, bis zum 19. Joerhonnert eng wichteg Zockermetropol op Kuba, ass zanter 1998 zesumme mat den Zockerrouerplantage vun der Valle de los Ingenios, déi méi bausse leien, Weltierwe vun der UNESCO.

Gebittskierperschaften[änneren | Quelltext änneren]

  1. Cabaiguán
  2. Fomento
  3. Jatibonico
  4. La Sierpe
  5. Sancti Spíritus
  6. Taguasco
  7. Trinidad
  8. Yaguajay