Proves

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen


Proves
Wopen
Proves (Italien)
Proves
Land: Flag of Italy.svg Italien
Regioun: Flag of Trentino-South Tyrol.svg Trentino-Südtiroul
Provënz: Suedtirol CoA.svg Südtiroul (BZ)
Koordinaten: 46° 29′ N, 11° 1′ O46.48333333333311.0166666666671420Koordinaten: 46° 29′ 0″ N, 11° 1′ 0″ O
Fläch: 18 km²
Awunner: 265 (31. Dez. 2012)
Bevëlkerungsdicht: 15 Aw./km²
Héicht: 1420 m
ISTAT-Nummer: 021069

Proves (de: Proveis) ass eng kleng italienesch Gemeng an der Provënz Südtiroul an der Regioun Trentino-Südtiroul.

Et ass eng Gemeng déi haaptsächlech vun der Landwirtschaft lieft, an der Uertschaft selwer gëtt nëmmen eng gutt dräi Dosen Haiser, de Rescht si Bauerenhäff déi wäit ronderëm verspreet leien.

D'Uertschaft déi op enger Héicht vu 1.420 Meter läit, huet nëmmen een Haaptaccès iwwer d'Provënzstrooss SP86. Soss ka se just iwwer Feldweeër erreecht ginn déi vun anere klengen Uertschafte ronderëm dohi féieren.

An der Uertschaft gëtt et puer schéin al Bauerenhäff, déi an den Häff selwer oder un de Fassaden, aalt landwirtschaftlecht Geschir ausgestallt hunn. Vill Diech si mat Schëndele gedeckt déi mat Late gehale sinn an op deene Steng leien.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Cagnò, Lauregno, Rumo, Ultimo

Proves vu Süde gesinn
Commons: Proveis – Biller, Videoen oder Audiodateien