Prunelli (Floss)

Vu Wikipedia

De Prunelli ass e Küstestroum am Departement Corse-du-Sud, deen an d'Mëttelmier leeft.

De Prunelli huet seng Quell am Séi vu Vitalacca op enger Héicht vu 1.750 Meter, an no engem Laf vu ronn 44 km leeft en am am Golf vun Ajaccio an d'Mier.

Ronn 200 Meter éier de Prunelli an d'Mier leeft, kritt en nach d'Waasser vun der Gravona dobäi. Deen Zesummelaf ass tëscht dem Fluchhafe vun Ajaccio an dem Tuerm vu Captitello.