Ptolemaeus (Moundkrater)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Moundkrater Ptolemaeus - eng ausgedeente, 150 km grouss Ramplifläch - läit bal an der Mëtt vun der äerdzougedréiter Säit vum Äerdmound. Hie läit an enger schwaach verkraterte Regioun tëschent de Fläche Sinus Medii an Mare Nubium.

Zesumme mat de Moundkratere Alphonsus an Arzachel formt hien eng Art Dräipunkt an der Mëtt vun der „Moundscheif“. Déi opfälleg glaat Ramplifläch vum Ptolemaeus verleeft genee mat der Moundkrëmmung an ass vollstänneg vu Lava opgefëllt, huet awer keen Zentralbierg. De Kraterrampli iwwerbitt d'Fläch ëm 2400 m héich. A sengem Banneschten hunn spéider Aschléi nach eng weider Zuel vu klenge Kratere geformt, vun deenen een déiwen mat 9 km Duerchmiesser am beschten ze gesinn ass an de Numm Ammonius krut. Direkt nërdlech vun him ass bei déiwem Sonnestand (kuckt Terminator) e staark erodéierte "Geeschterkrater" ze gesinn.

De Ptolemaeus ass den eelste Krater an dëser Regioun. Seng Fläch gëtt deelweis och duerch Ausworf vum Aschlag bedeckt, deen de Krater Alphonsus geformt huet. D'Ränner vum Ptolemaeus an Alphonsus ginn duerch en opfalend System vu parallele Kante a Grief geschnidden, déi „Imbrium Skulptur“ genannt gëtt, well si vum Mare Imbrium ausstralt.

De Moundkrater Ptolemaeus, opgeholl vun Apollo 16
Eegeschaften
Breet - 9.2
Längt - 1.8
Duerchmiesser 153 km
Déift 2400 m
Genannt nom Claudius Ptolemaeus

[änneren] Niewekrateren

Ptolemaeus Breedegrad Längegrad Duerchmiesser
B 7.9° S 0.7° W 17 km
C 10.1° S 3.3° W 3 km
D 8.2° S 2.5° W 4 km
E 10.2° S 4.5° W 32 km
G 7.1° S 0.1° E 7 km
H 7.1° S 5.4° W 7 km
J 9.6° S 5.4° W 5 km
K 8.2° S 4.6° W 8 km
L 8.8° S 4.0° W 4 km
M 9.4° S 3.4° W 3 km
O 7.2° S 3.6° W 5 km
P 11.4° S 3.2° W 4 km
R 6.7° S 1.2° W 6 km
S 10.5° S 0.5° W 4 km
T 7.5° S 0.0° E 7 km
W 9.1° S 1.4° E 4 km
X 10.9° S 0.3° E 4 km
Y 9.3° S 0.7° E 6 km

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen