Pulkowo-Observatoire

Vu Wikipedia
Pulkowo-Observatoire

De Pulkowo-Observatoire (och Pulkowa) ass dee bekanntsten Observatoire aus Russland an zanter laanger Zäit Haaptobservatoire vun der Russescher Akademie vun de Wëssenschafte. Et steet um Pulkowo-Hiwwel, 18 Kilometer südlech vum Zentrum vu Sankt Petersburg, dem fréiere Leningrad.

Déi héich geographesch Breet (wéi Oslo nëmme 6½° vum Polarkrees ewech) erlaabt Observatiounen, déi vu südlechen Observatoirë wéi Greenwich net gemaach kënne ginn. Pulkowo war de Standpunkt vun der Weltlängebestëmmung 1933 (Uertszäitdifferenz zu Greenwich 2h 01m 18,57s) a gouf 1990 vun der UNESCO an d'Lëscht vum Weltierwen opgeholl.

De Pulkowo-Observatoire ass eng historesch wichteg Fuerschungsplaz, déi nach 1945 deelweis nei ageriicht gouf, ë. a. mat engem Radioteleskop. Den Observatoire ass mat villen Instrumenter aus Däitschland ekipéiert. Bedeitend Astronome wéi den däitsche Friedrich Georg Wilhelm Struve a säi Jong Otto Wilhelm Struve hunn do geschafft.

Den Observatoire gouf 1839 op enger Bëschkopp mat Panorama gebaut. Den Observatoireareal mat Park ëmfaasst ronn 0.7 × 1 km. Den éischten Direkter war den däitsche Balt Friedrich Wilhelm Struve, dee virdrun den Observatoire vun Dorpat opgebaut hat. Den Architekt war den Alexander Brjullow.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Vera Ichsanova: Pulkovo/St. Petersburg Spuren der Sterne und Zeiten. Geschichte der russischen Hauptsternwarte, Peter Lang Frankfurt am Main 1995, ISBN 3-631-49253-7
  • Amand von Schweiger-Lerchenfeld: Atlas der Himmelskunde und coelestischen Photographie, Hartlebens Verlag, Wien-Pest-Leipzig 1898

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pulkowo-Observatorium – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie