Purpurmagnolia
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Purpurmagnolia | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Bléi vun enger Purpurmagnolia |
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Magnolia liliiflora „Desr.“. |
|||||||||||||||
D'Purpurmagnolia (Magnolia liliiflora) ass e klengen Trausch aus der Famill vun de Magnolieplanzen (Magnoliaceae). E kënnt aus China, an et ass eng Planz déi am Wanter hir Blieder verléiert.
Seng Blieder hunn eng oval bis elliptesch Form, sinn donkelgréng, an 10 - 20 cm laang. E bléit vun Abrëll bis Juli, an d'Bléieblieder si 5 -7 cm laang, a rosa bis purpurrout.
Den Trausch gëtt tëscht 3 a 5 Meter héich, a bis 4 m breet.