Pyramid (Architektur)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Pyramid ass eng geometresch Konstruktioun, där hir baussenzeg Flächen dräieckeg sinn an un engem Punkt zesummekommen.

D'Basis vun der Pyramid huet normalerweis dräi oder véier Kanten (oder och méi), sou datt eng Pyramid normalerweis véier oder fënnef Säiten huet. Bei de meeschte Pyramiden ass deen ënneschten Deel dee schwéiersten.

Pyramiden als Bauwierker[änneren | Quelltext änneren]

Dausend Jore laang ware Pyramiden déi gréisst Strukturen op der Äerd: déi éischt war déi "Rout Pyramid" an der Nekropol vun Dashur. Déi gréisst Pyramid déi jee gebaut gouf, vum Volume hir, ass déi grouss Pyramid vu Cholula, an der mexikanescher Stad Puebla. Déi Pyramid ass nach am Gaang ausgegruewen ze ginn.

Dei berühmtest Pyramide sinn déi Egyptesch Pyramiden - héich Strukturen, gebaut aus Zillen oder Steng. Munnech Pyramide gehéieren zu deene gréisste Gebaier iwwerhaapt. Et goufe bis an d'Joer 138 Pyramiden an Egypten gebaut. Déi grouss Pyramid vu Gizeh ass déi gréisst aus Egypten an eng vun de gréissten op der Welt. Bis d'Kathedral vu Lincoln am 14. Joerhonnert gebaut gouf, war se dat héchst Gebai op der Welt. D'Basis huet méi wéi 52600 m2 an der Surface. Egypten huet déi meescht Pyramiden op der Welt, op zweeter Plaz kënnt de Sudan.

Op den alen egyptesche Pyramide goufen d'Säite mat poléierte Lehmsteen garnéiert, awer dei meescht Steng déi fir deen Zweck gebraucht goufen, sinn erofgefall oder ewechgeholl gi fir d'Moscheeë vu Kairo ze bauen.

Commons: Pyramids – Biller, Videoen oder Audiodateien

Bibliography[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolfgang Kosack: Die altägyptischen Pyramidentexte. In neuer deutscher Uebersetzung; vollständig bearbeitet und herausgegeben von Wolfgang Kosack. Christoph Brunner, Berlin 2012, ISBN 978-3-9524018-1-1.