Pyruvat

Vu Wikipedia
Pyruvat
Wëssenschaftlechen Numm
2-Oxopropansaier
Cheemesch Formel
C3H4O3
Aner Nimm
Brenztraubensäure
Aggregatzoustand
fest
Molmass
88 g/mol

D'Pyruvat ass eng α-Ketosaier, mat enger zentraler Bedeitung fir de Metabolismus, well et den Ausgangs- respektiv Endpunkt vun enger ganzer Rei Stoffwiesselweeër ass:

  • et ass d'Enn vun der Glykolys
  • duerch Aminéierung entsteet Alanin
  • duerch Hydréierung entsteet Lactat (Mëllechsaier)
  • duerch Carboxyléierung entsteet Oxaloacetat

Verschidden Enzymer benotzen Pyruvat als Koenzym, z. B. Histidindecarboxylas.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pyruvic acid – Biller, Videoen oder Audiodateien