Pythia

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Pythia (gr. Πυθία) war d'Priesterin vun Delphi, déi als weiblecht Medium beim Orakel vum Apollo zu Delphi gedéngt huet. Et ware Jongfraen aus Delphi selwer, an de gesellschaftleche Status war am Prinzip net wichteg. D'Funktioun ass an der Zäit vu ville Fraen ausgefouert ginn. D'Pythia souz op engem Dräifouss op enger Fielsspléck aus där Damp deen dem Ethylen ähnlech war komm ass; a war doduerch och an Trance. D'Aussoen vun der Pythia ware meeschtens a Versen, dacks schwéier verständlech a konnten op verschidden Aarten ausgeluecht ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]