Quadrantiden

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Quadrantiden[1]
Aktivitéitszäitraum 28. Dezember - 12. Januar
Aktivitéitsmaximum 4. Januar
Radiantenpositioun
vum Aktivitéitsmaximum
RA: 15h 20m
DE: +49°
ZHR 120
Populatiounsindex r 2,1
geozentresch itesse 41 km/s

D'Quadrantide sinn e Meteorstroum, deen all Joer am Januar ze gesinn ass. Hie gehéiert zu de véier aktiivste Stäreschnäitzeschwäerm.

De visuellen Urspronk oder Radiant läit am Stärebild Bootes, wouduerch si och nach Bootide genannt ginn. Den Numm Quadrantide leet sech vum Stärebild Quadrans Muralis of, e Stärebild wat net méi offiziell gefouert gëtt.
D'Quadrantiden trieden an den éischten Januarwochen op, mat engem spatze Maximum an der Nuecht vum 3. op de 4. Januar. Am Maximum sinn 120 bis munnechmol 200 Meteore pro Stonn ze gesinn. Hir Hellegkeet ass net besonnesch grouss an hir Vitesse ass an der Moyenne ronn 40 km/s.

Den zirkumpolare Radiant steet owens no um Horizont, wouduerch d'Zuel vun den observéierte Meteore staark miniméiert gëtt. An der zweeter Nuetshallschent gewënnt de Radiant un Héicht, wouduerch den Undeel vun observéierte Meteore klëmmt.

Ee Quadrantid (2009)

Bis viru wéinege Jore war net bekannt, wien de Mammekierper vun de Quadrantiden ass. De 6. Mäerz 2003 gouf den Asteroid 2003 EH1 entdeckt, deem säi Bunnparameter gutt mat deem vun den Quadrantiden iwwerenee stëmmt. No engem Artikel vum Meteor-Expert Peter Jenniskens handelt et sech bei 2003 EH1 ëm den inaktive Rescht vun engem Koméitekär, deen ausernee gebrach war, woubäi nieft 2003 EH1 och d'Quadrantiden entstane sollte sinn. Als Kandidat fir de futtissen Urspronkskoméit kënnt den C/1490 Y1 a Fro, deem seng Bunnelementer och gutt zu de Quadrantide passen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]