Quai (Eisebunn)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Eisebunnsquai. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Quai. |
Als Quai (fréier och alt Perron) bezeechent ee bei der Eisebunn, dem Metro oder dem Tram an enger Gare eng Ariichtung déi et erlaabt kammoud an d'Schinnegefier eranzeklammen oder Wueren an- oder auszelueden.
Beim Persounentransport ass et gewéinlech eng Plattform laanscht d'Gleis, déi eng genormten Héicht an Ofstand huet an doduerch en Iwwergang an d'Gefierer erméiglecht.
Och op Marchandisegare kënnen et Quaie ginn, dat hänkt haaptsächlech vun de Gidder of déi do verluede ginn.
Fir d'Exploitatioun vun Autoszich, also Zich wou de Reesender säin Auto mat op seng Destinatioun kann huelen, ginn et speziell Quaie fir d'Autoen op- an ofzelueden.
Am Beetebuerger Triage besteet eng Statioun fir d'Verluede vu Semi-Remorquen op d'Schinnenautobunn Beetebuerg - Perpignan, déi vu Lorry-Rail S.A. bedriwwe gëtt. Do kënnen d'Firmen hir Remorquen op den Zuch setzen, an an de Süde féiere loossen, fir sou Zäit a Käschten ze spueren. D'Statioun huet 2 Quaie vu jeeweils 800 Meter Längt.
An der Minettsgéigend oder bei Steekaule goufe fréier héich Quaie benotzt fir d'Minette oder d'Gestengs aus de Buggien an Eisebunnswaggonen ze tippen. Hautdesdaags ginn dofir Siloen oder Fërderbänner benotzt.