Quantechimie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

D'Quantechimie ass ofgeleet vun der Quantephysik. Si behandelt nëmmen d'Elektronen, hiren Orbital an de Bindungen zwëscht den Elektronen, den Afloss vun den Orbitalen.

D'Geschicht vun der Quantechimie[änneren | Quelltext änneren]

Quantechimie ass eng relatif jonk Wëssenschaft a si ass duerch de Max Planck, den Albert Einstein an den Niels Bohr am Ufank vum 20. Joerhonnert gegrënnt ginn. Si hunn theoretesch Erklärunge zu de prakteschen Experimenter vum Elektron geliwwert an domat eng nei Wessenschaftsrichtung an d'Liewen geruff.

D'Bedeitung vun der Quantechimie[änneren | Quelltext änneren]

D'Chimie ass Wëssenschaft vun der Matière an hiren Transformatiounen. D'Struktur vun de Molekülle gëtt bestëmmt vun der Natur vun den Atomer aus deene se bestinn an den Type vu Bindungen déi se ënnerenee maachen. Donieft, ee Komposant an een aneren ëmz'änneren heescht eng Bindung ze bilden, anerer ze schneiden an erëm anerer ëmz'änneren. Also baséirt all Chimie op Bindungen an domat ass et wichteg dei geneen Natur vun de Bindungen an domat den Elektrone ze kennen. Quantechimie gëtt soumat wichteg fir Stereochimie ze berechnen, dat heescht, wéi Moleküllen am Raum ausgesinn. Si erkläert anengems wéi vill Energie gebraucht gëtt fir Moleküllen ze maachen oder wéi vill der fräigesaat gëtt bei der Bildung vun neie Bindungen. Dëst bedeit eng Ergänzung vum méi klassesche Betruechte vun der Thermodynamik déi Quantechimie och berechne kann, fir ze wësse wei eng Konditiounen ee muss hu fir bestëmmte Moleküllen ze bilden, z. B. hëtzen oder ofkillen.

Et ass awer och interessant ee Saz vum E. Morin hei ze zitéieren, wat zum bessere Verständnes vun der Problematik bäidréit: "D'Wëssenschaft ass wei ee Véierbeener dee seng véier Patte gebraucht, den Empirismus, de Verstand, d'Virstellungskraft an d'Kontroll. Si liwwert sech net der Sécherheet aus, mä lokale Sécherheeten an engem Mier vun Onsécherheet."

Resonanz an d'Bindung[änneren | Quelltext änneren]

Type vu Bindungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Allgemenge betruecht een 3 Type vu Bindunge, déi NET rigoreis getrennt sinn: d'elektrostatesch Bindunge, d'kovalent Bindunge a d'metalleg Bindunge.

Eng chemesch Bindung ass folgender Mossen definéiert: Et besteet eng chemeg Bindung zwëscht 2 Atomer oder Gruppe vun Atomer am Fall wou Kräften tëscht hinnen agéieren déi zur Bildung vun engem Aggregat féieren dee genuch Stabilitéit huet fir datt de Chemist et ass als onofhängeg Moleküll ka betruechten. Dës Formuléierung ass komplizéiert mä si muss och der Chimie Supramolekular Rechnung droen dei wesentlech méi schwaach Bindungen huet wei an dee klassesche Chimien, dës mei modern Chimie dréit wesentlech zu den Erkentnesser am Zesummespill vun Enzymen an Substrate mä och vu Viren, Bakterien an aneren Zellen bäi.

Vun enger Inoneg oder elektrostateg Bindung schwätzt ee, wann ee vun den zwee Partner jeeweils eng definéiert eegestänneg elektronesch Struktur zudeele kann wann hien an der Presenz vun dem aneren ass. Beispiel: NaCl: Na gëtt dann ëmmer Na+ an Cl ëmmer Cl-

Vun enger kovalenter Bindung schwätzt ee, wann gläichwaerteg Partner an enger Bindung sinn.

Beispiel: H-H oder CH4

Vun enger metallescher Bindung oder fraktioneller Bindung schwätzt ee wann Atomer an engem mettaleschen Aggregat zesumme sinn an deem d'Elektrone kënne fräi ronderëm wanderen.