Quellesteier

Vu Wikipedia
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Quellesteier ass eng Steier, déi vun der Steierverwaltung bei gewëssen ausbezuelte Leeschtungen un der Source zeréckbehale gëtt, op den Zënsen, Erträg aus Emprunten, Dividenden oder op de Léin zum Beispill.

Déi bekanntst Quellesteiere sinn d'Couponssteier (bei Obligatiounen an Aktien) an d'Lounsteier. Eng Quellesteier kann een ofgeltende Charakter hunn oder net. Wann eng Couponsteier zum Beispill ofgeltend (libératoire) ass, ginn déi Erträg net méi eng zweet Kéier bei der Steierofrechnung berücksichtegt.

Ob a wéi eng Quellesteier erhuewe gëtt, ass vu Land zu Land verschidden. Am Hibléck op d'Vereenheetlechung vun de Wettbewerbsbedingungen an der EU ass d'Fro vun der Harmoniséierung vun der Quellesteier hefteg débattéiert ginn. Si huet elo eng Léisung fonnt.

D'Europäesch Dispositiounen iwwer d'Quellesteier[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]