Quest (ISS)

Vu Wikipedia
Quest
D'ISS-Modul Quest (NASA)
Typ ISS - Modul
Land  USA
Agentur NASA
Mass 6,1 t
Volumen 34 m3
Längt 5,5 m.
Duerchmiesser 4 m.
Start 12. Juli 2001
Startplaz
Transport-Raumfär Atlantis
Status aktiv

De Quest ass den drëtten amerikanesche Modul vun der Internationaler Raumstatioun. E gouf den 12. Juli 2001 u Bord vun der Raumfär Atlantis (Missioun STS-104) gestart an dräi Deeg méi spéit un der Steierbordsäit vum Kopplungsmodul Unity ugedockt.

De Quest ass d'Schleis fir bei Baussebordaarbechten eran- an erauszeklammen a ka souwuel mat amerikaneschem wéi och mat russeschem Raumgezei benotzt ginn. Si besteet virun allem aus Aluminium, huet eng Eidelmass vu 6,1 t, e Volume vun 34 m³, eng Längt vu 5,5 m an e maximalen Duerchmiesser vu 4,0 m.

De Quest besteet aus zwou Sektiounen: An der éischter, der Geschiersektioun (Equipment Lock) bereede sech d'Raumfuerer op hiren Ausstig vir, dinn d'Raumgezei un an testen déi korrekt Funktioun. Nom Baussenasaz gëtt do d'Revisioun vum Gezei gemaach. Dozou gehéiert d'Opluede vun de Batterien an d'Nofëlle vun de Sauerstofftanken. Déi zweet, méi schmuel Sektioun (Crew Lock) ass déi eigentlech Loftschleis. Iwwer speziell Vakuumpompelen gëtt virum Opmaache vun der Bausseluk d'Loft an en Tank evakuéiert. Dësen Deel vum Modul entsprécht de bis elo gebrauchten amerikanesche Schleisen.

Op der baussenzeger Säit vun der Schleis sinn zwéi grouss Sauerstoff- an zwéi Stéckstofftanken. Si hunn en Duerchmiesser vun 0,9 m, eng Mass vu jee 545,4 kg, bestinn aus Kuelefaserverbondmaterial, faassen 0,42 m³ Héichdrock-Gas a si mat engem méischichtege Meteoritteschutz ausgekleet. Ausserdeem huet de Schleisenmodul, Plattformen an Halterungen souwéi Energie- a Kommunikatiounsuschlëss.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Quest – Biller, Videoen oder Audiodateien