Quino

Vu Wikipedia
Quino
Gebuertsnumm Joaquín Salvador Lavado Tejón
Gebuer 17. Juli 1932
Gestuerwen 30. September 2020
Nationalitéit Argentinien, Spuenien
Aktivitéit Comicauteur, Cartoonist, Zeechner, Karikaturist

De Quino, mam richtegen Numm Joaquín Salvador Lavado Tejón, gebuer de 17. Juli 1932 zu Mendoza an Argentinien an och do gestuerwen den 30. September 2020, war e Comic-Auteur an -Zeechner.

Säi bekanntste Personnage ass d'Mafalda, e Meedchen, dat aus senger Siicht Alldaagsproblemer duerchlieft a kommentéiert. Heiandsdo sinn et och, hannert de "kanneregen" Aussoen, Uspillungen op gesellschaftlech oder politesch Aspekter, déi wärend der Militärdiktatur an Argentinie just "verstoppt" konnte gemaach ginn.

1973 huet de Quino, mat Mafalda opgehalen a moolt zanterhir humoristesch Cartoons. D'Mafalda moolt e just nach fir engagéiert Campagnen, z. B. fir d'Unicef oder Amnesty international.

Hien ass den 30. September 2020 un de Follge vun engem Hiereschlag gestuerwen.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Hie krut fir säi Wierk eng ganz Rëtsch Präisser a spueneschsproochege Länner, wéi de Premio Quevedos 2000[1], oder de Premio Gat Perich 2010[2].

A Frankräich gouf en zum Officier des Arts et des Lettres an zum Officier de la Légion d'honneur ernannt. Och d'Mafalda krut dës Auszeechnung, an ass domat deen éischte Bande-dessinées-Personnage, dee sou eng krut.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

op franséisch[änneren | Quelltext änneren]

Mafalda
  1. Mafalda
  2. Encore Mafalda
  3. Mafalda revient
  4. La bande à Mafalda
  5. Le monde de Mafalda
  6. Le petit frère de Mafalda
  7. La famille de Mafalda
  8. Mafalda et ses amis
  9. Les vacances de Mafalda
  10. Le Club de Mafalda
  11. Mafalda s'en va
  12. Il était une fois Mafalda
  • Mafalda l'intégrale
  • En voyage avec Mafalda
Sammlunge vu Cartoonen
  • Pas mal et vous?
  • Bien chez soi
  • À votre bon cœur
  • Laissez-moi imaginer
  • Provision d'humeur
  • Quino-thérapie
  • Ça va les affaires?
  • Les gaffes de Cupidon
  • Qui est le chef?
  • À table!
  • On est né comme on est né
  • C'est pas ma faute
  • Les gens sont méchants
  • Un présent imprésentable
  • La Guernica

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. El dibujante Quino recibe el Premio Quevedos La Semana, 2000
  2. El Premio Gat Perich recae en Tricicle, Quino y Krahn El Pais, 2010

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]