récré
récré ass eng Publikatioun vun den Éditions APESS a.s.b.l., déi zënter 1986 erauskënnt. Initiator war de Professer Carlo Felten, dee bis zu sengem fréien Doud am Joer 2005 och Haaptmann an der Redaktiounskiche war. Zanter 2005 bekëmmert sech de Redaktiounscomité ëm d'Publikatioun. Zu deem Comité gehéieren de Roland Harsch, de Frank Wilhelm (bis 2012), de Georges Milmeister (President), de François Thill, de Paul Kintziger (zanter 2007) an den Edouard Kayser (zanter 2012).
Déi méi technesch Aarbecht läit an den Hänn vun der Madame Monique Felten-Faber a vun hire Jongen, Georges a Nicolas.
Vu récré kënnt am Prinzip all Joer eng Nummer eraus.
D'Nummer 4, déi am Januar 1989 erauskoum, war eng Spezialnummer ronderëm d'Franséisch Revolutioun. An d'Nummer 5, déi am Dezember 1989 erauskoum, huet sech exklusiv mam Enseignement secondaire 1939-1989 beschäftegt. Dës Nr. 5 hat iwwregens méi e grousst Format ewéi déi "normal" Nummeren.
Déi 2 éischt Nummeren hu "Récréation" geheescht; dono koume 5 Nummeren ënnert dem Numm " Ré-Création" eraus. Zanter der 8. Ausgab (1992) heescht d'Revue einfach "récré". D'Nummer 26, déi am Juli 2011 verëffentlecht gouf, dréit den neien Titel Ausbléck-RÉCRÉ.