Reduit

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Réduit)
De Reduit vum Fort Rumigny

Den Terme Reduit (fr: réduit) bezeechent eng Plaz oder e Gebai dat besonnesch gutt befestegt ass, an an dat sech Verdeedeger zeréckzéie kënne fir sech iwwer eng länger Period ze wieren.

Festungsbau[änneren | Quelltext änneren]

E Reduit ass d'Kärbefestegung vun engem Fort baussent enger Festung. Et ass e besonnesch staarkt Gebai an dat Verdeedeger sech zeréckzéie konnten wann de baussenzege Befestegungswall vum Géigner iwwerwonne gouf. Am Géigesaz zu enger Redoute ass e Reduit fir eng méi grouss Besatzung mat Gewierer an Artillerie ausgeluecht an doduerch méi schwéier z'erueweren.

Beispiller fir Reduiten[änneren | Quelltext änneren]

Schwäizer Reduit[änneren | Quelltext änneren]

De Schwäizer Reduit (duerchgängeg Linnen).

De Begrëff gëtt och am Kader vum Schwäizer Reduit benotzt, engem vun der militärescher Féierung vun der Schwäiz an den 1930er a 40er Joren definéierte Réckzuchsgebitt an de Schwäizer Alpen an dat sech d'Schwäizer Arméi am Fall vun enger Invasioun sollt zeréckzéie kënnen. Zu deem Zweck sinn ëm dat Gebitt ausgedeent ënnerierdesch a getarnt Bunkeranlagen entstanen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]