Régions dévastées, Echternach

Vu Wikipedia
Régions dévastées, Echternach
Film
Produktiounsjoer 1945
Dauer ronn 50 Min. (2 x 20 + 10)
  schwaarzwäiss
Format 16 mm
Originalsprooch keng (Stommfilm)
Ekipp
Regie Pierre Bertogne, Pierre Kintzinger
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Régions dévastées, Echternach ass e Kuerzfilm vum Pierre Bertogne a Pierre Kintzinger vun 1945, deen am Kader vun engem Inventaire, op Demande vum Ministère de la Reconstruction[1], iwwer Krichsschied opgeholl gouf.

Et ass en Dokumentarfilm, deen aus 3 Filmer vun 20 Minutten besteet (Originaltitel: Régions dévastées du Grand-Duché de Luxembourg 1945), an engem Zousaz iwwer 10 Minutten.

Dee leschten Deel dokumentéiert déi éischt Sprangpressioun vun Iechternach am Joer 1945 nom Krich.

De Film gouf op 16mm a schwaarz-wäiss, mat 18 Biller/sec. gedréint an hat keen Toun. D'Sonorisatioun gouf 1995 vum CNA realiséiert. D'Commentairë goufe vum Frank Wilhelm geschriwwen a geschwat. D'Musek Der Geiger von Echternach ass vun der Lou Koster an Nicolas Welter.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Shoah, guerre et après-guerre:films luxembourgeois Gearchiveerd op 2023-06-22. Gekuckt de(n) 2023-02-01.