.raw

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Réidateformat)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

.raw (englesch raw = réi) ass d'Kennzeeche fir en Dateiformat an der Informatik. Dëst Kennzeeche gëtt bei Raw-Dateie mam Punkt un hiren Numm ugehaangen (z. B.: Camerabild.raw). Et handelt sech ëm en Dateiformat dat haaptsächlech fir Fotoe gebraucht gëtt, an dat besonnesch bei digitale Kamerae gebraucht gëtt. An enger Raw-Datei sinn d'Donnéeën nach net verschafft a si bidden dofir géintiwwer JPG-Dateie Virdeeler, wat hir Qualitéit ugeet. Si kënnen och spéider méi flexibel verschafft gi wéi JPG-Dateien.

D'Raw-Dateie goufen op eege Fauscht vun de verschiddene Camerafabrikanten entwéckelt, hunn ofwäichend Kennzeechen, a sinn dofir am Allgemengen, och wann de Prinzip de selwechte bleift, leider net ëmmer ënnerenee kompatibel.

Raw-Datei-Kennzeechen[änneren | Quelltext änneren]

  • Adobe Digital Negative: *.DNG
  • Canon RAW: *.CRW, *.CR2
  • Contax RAW: *.RAW
  • Epson RAW: *.ERF
  • Fuji RAW: *.RAF
  • Hasselblad RAW (3F RAW): *.3FR
  • Kodak RAW: *.DCR, *.DCS *.KDC (für EasyShare P850)
  • Leica-RAW: *.RAW, *.DNG
  • Mamiya RAW: *.MEF
  • Minolta RAW: *.MRW, *.MDC
  • Nikon RAW: *.NEF
  • Olympus RAW: *.ORF
  • Panasonic RAW: *.RAW
  • Pentax RAW: *.PEF
  • Phase One RAW: *.Tif
  • Sigma RAW: *.X3F
  • Sinar CaptureShop RAW für Macintosh: *.CS1, *.CS4, *.CS16
  • Sony RAW: *.SRF, *.SR2, *.ARW (für Sony DSLR-A100)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]