Réimerbréck (Tréier)

Vu Wikipedia
D'Réimerbréck zu Tréier iwwer d'Musel

D'Réimerbréck zu Tréier iwwer der Musel gëllt als déi eelst réimesch Bréck nërdlech vun den Alpen an ass nach haut mat hirer Stabilitéit a Gréisst dem moderne Verkéier gewuess.

D'Bréck, déi zum Weltierwe vun der UNESCO gehéiert, gouf an dräi Phase gebaut. Den éischte Bau huet zäitgläich mat der Grënnung vun der Stad am Joer 16 v. Chr. ugefaangen, ier ëm 71 n. Chr. déi zweet Bauphas am Gaang war an hire Virgänger aus Holz ersat huet. An der Mëtt vum 2. Joerhonnert gouf déi drëtt Bauphas e puer Meter flossopwäerts lancéiert. Fënnef vun den haut siwe stengene Piliere ginn nach op d'Réimerzäit zeréck. Dës Bréckepottoen si flossopwäerts spatz geformt an déngen als Äisbriecher. Wéi bei hire Virgänger louch d'Fuerbunn op enger Holzkonstruktioun. Eréischt ënner dem Kurfürst Balduin vu Lëtzebuerg si stenge Béi entstanen. D'Kräiz um drëtte Pilier ass 1718 bei der Erneierung vun zwéi Pottoen, no Krichsawierkunge vu 1715 bäikomm. Op der rietser Säit leien zwéi vun den ursprénglech néng Pottoen an der fréierer Iwwerschwëmmungszon, déi haut zougeschott ass.

Statu an der Réimerbréck zu Tréier

Si huet eng Gesamtlängt vun 198 m an ass 13 m breet. D'Bréckebéi vu lénks no riets gekuckt hu follgend Moossen: 16.48 m - 18.40 m -21.25 m - 21.24 m - 19.47 m - 20.69 m - 19.89 m - 10.68 m.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roman bridge, Trier – Biller, Videoen oder Audiodateien