Réimervilla vu Giewel

Vu Wikipedia
En Deel vun den Ausgruewungen am September 2009.

D'Iwwerreschter vun der Réimervilla vu Giewel stinn am Bëschelche Miecher tëscht Giewel, Simmer a Nouspelt a goufen am Joer 1964 vum Georges Kayser[1] entdeckt.

Bei engem vu senge ville Fousstier an der Géigend ass en am Miecher op eng Plaz gestouss, déi hie fir d'éischt fir en Hiwwelgraf gehalen huet. Fir d'Ausgruewungen huet e seng Massendénger a Fräiwëlleger mobiliséiert, fir him eng Hand unzepaken. No sengem Doud hunn D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher, eng Ekipp vu Fräiwëllegen, d'Ausgruewunge weidergefouert. An der Tëschenzäit sinn op där Plaz, déi fënnef Hektar grouss ass, aacht stenge Gebaier an zwéi Pëtzer fräigeluecht ginn.

Virgängerbauten[änneren | Quelltext änneren]

Laang éier déi gallo-réimesch Gebaier aus Steen opgeriicht goufen, war d'Plaz scho besidelt. D'Spuere ginn iwwer d'Hallstattzäit (Keramik), d'Bronzezäit (Graf a Keramik) bis an d'Steenzäit (Géigestänn aus Silex a Steenaaxten).

Am 1. Joerhonnert v. Chr. stoung op der selwechter Plaz eng grouss keltesch Véiereckschanz. Iwwerreschter vu kelteschen Holzhaiser, Keramik, Mënzen an Alldagsgéigestänn sinn Zeie vun där Kultur. Déi bedeitend Grafhiwwele vu Giewel-Nospelt, déi eng 500 Meter ewech léien, stinn a Verbindung mat der keltescher Véiereckschanz.

Réimesch Villa[änneren | Quelltext änneren]

D'Plaz louch laanscht enger klenger réimescher Niewestrooss, déi no 3,5 Kilometer op eng vun den Haaptverkéiersachsen aus dem réimesche Räich, nämlech d'Strooss vu Reims iwwer Arel op Tréier, gestouss ass.

D'Villa vu Giewel-„Miecher“ ass an hirer Ufanksphas en typescht Beispill vun engem gréissere galloréimesche Betrib aus der Provënz Gallia Belgica. D'wirtschaftlech Grondlag vum Betrib war dat fruchtbart Akerland. Iwwerreschter vu Woe beweisen datt d'Bewunner zum Deel vum Verkaf vun hire Produite gelieft hunn. Gréisser Mäert an der Ëmgéigend waren an de Vici vu Mamer oder Arel. Aner handwierklech Beruffer wéi Schräiner, Schmadd, Schouster a Kuelebrenner sinn duerch Fondstécker oder Strukture beluecht. Austereschuelen, Pärelen, Tréierer Sprochbecher, Schlaangefuedemglas, Fënsterglas, Amphore mat spueneschem Wäin, Wandmolereie mat floralem Muster zeie vun engem gewësse Luxus

Wärend dem Duercherneen an der Zäit vun der Vëlkerwanderung goufen d'Gebaier um Enn vum 4. Joerhonnert oder ufanks vum 5. Joerhonnert verlooss a sinn am Laf vun der Zäit zesummegefall. 

Éischt Haaptwunngebai - Gebai 2[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Haaptwunngebai

D'Gebai 2, dat ursprénglecht Haaptwunngebai, gouf am 1. Joerhonnert aus Stee gebaut. Bedéngt duerch vill Bauphasen an déi schlecht erhale Maueren, ass eng definitiv Ausso zu deene 14 eenzele Raim schwéier méiglech. Dräi Kelleren, eng Zetär an den Haaptwunnraum konnten identifizéiert ginn. Am 2. Joerhonnert gouf den nërdlechen Deel als grouss Thermenanlag inklusiv "Sudatorium", enger Aart Sauna, ëmgebaut. Wéi dat neit Haaptwunngebai, d'Gebai 1, fäerdeg war, gouf d'Gebai als Wunneng fir d'Aarbechter ëmgebaut.

Eng kleng bronze Plack mat Opschrëft an e "Stilus" beweisen, datt d'Bewunner liesen a schreiwe konnten. Weiderhi gouf e Schëldbockel an e klenge Schaz vu 6 Sesterzen entdeckt. Op d'mannst eng Daachzill gouf zu Corny bei Metz produzéiert, wat duerch de Produzentestempel nogewise konnt ginn. 

Spéit Haaptwunngebai - Gebai 1[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptwunngebai gouf am 3. Joerhonnert gebaut. Et huet déi typesch Form vun enger galloréimescher Portikusvilla mat enger iwwerdaachter Sailenterrass, zwéi klengen Ecktiermercher, engem Haaptwunnraum, enger klenger Thermenanlag, engem grousse Keller an engem Pëtz. D'Wunnfläch hat ongeféier 700 Quadratmeter. Kuerz drop gouf en Ubau am Oste realiséiert, wärend am Westen e grousse Raum bäigebaut gouf. 

Bléck op d'Haaptwunngebai mat dem burgus

An der zweeter Hallschent vum 3. Joerhonnert gouf d'Gebai an e réimesche "Burgus", eng réimesch Befestegungsanlag, ëmgebaut, wat eenzegaarteg am gallesche Raum ass. Ronderëm stoung eng Holzpallisad mat Ëmgang an et waren op d'mannst zwéi Verdeedegungsgrief gezu ginn. Bedéngt duerch déi Baumoossnahmen huet den neien Ostfligel deelweis missen ofgerappt ginn. Am Gebai selwer gouf e massive Wuechttuerm opgeriicht. Dësen Tuerm huet gläichzäiteg als Kärespäicher gedéngt. Dës Verdeedegungsanlag war noutwendeg, well d'Réimescht Räich, a speziell Gallien, duerch innepolitesch Revolten a Germaneniwwerfäll bedreet war.

Nodeem de Konstantin de Groussen ufanks des 4. Joerhonnert d'Grenz um Rhäin erëm befestegt hat an de Risk vun Iwwerfäll minimiséiert gouf, ass de Burgus vun de Bewunner ofgerappt ginn. D'Gebai gouf renovéiert, eng nei Waasserleitung mat groussem Waasserreservoir inklusiv Schlammfang, an en zweete Reservoir fir Reewaasser opzefänken, goufen installéiert. D'Therme goufen och erneiert. De ganze Bauschutt gouf an de Verdeedegungsgrief entsuergt. Remarkabel Fondstécker sinn e raart Raséiermesser, e sëlwer Läffel mat der Opschrëft „utere felix“ a ganz vill Schierbele vu Gëtterstatuen. 

Niewegebai - Gebai 3[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai 3 gouf ufangs vum 2. Joerhonnert aus Steen gebaut. Spéiderhi goufen nach kleng Ubaute bäigeprafft. Iwwer d'Funktioun ass net vill bekannt. Warscheinlech handelt et sech ëm e Stall, e Schapp oder e Lagerraum. D'Gebai 3 gouf mam Gebai 4 duerch eng laang Mauer verbonnen. Interessant ass, datt alleguerten d'Postelächer vun engem Virgängerbau aus Holz fonnt goufen. Dee Virgängerbau huet bal déi selwecht Dimensiounen. 

Metzlerei - Gebai 4[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten Deel vum Gebai 4 gouf Enn des 1. Joerhonnert gebaut. Spéider Ubaute verdräifachen d'Grondfläch. Opgrond vun diverse Strukture kéint et sech ëm eng Metzlerei gehandelt hunn. En Uewe fir Fleesch ze dréchnen an eng Aart Buedbidde fir anzesolpere schwätzen heifir. Änlech wéi beim Gebai 3 konnt och hei en hëlzene Virgängerbau rekonstruéiert ginn. Zu deem Bau huet och e Pëtz gehéiert.

Baussent dem Gebai gouf eng Grouf mat Handwierksgeschier aus Eisen an dräi Holzkuelemeilere fonnt.

Eng vun den zwou Originalsailen, déi erhale sinn.

Wunngebai - Gebai 5[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai 5 ass e stengent Wunngebai aus dem 3. bis 4. Joerhonnert. De Keller geet allerdéngs op en Holzbau aus dem 1. Joerhonnert zeréck. An enger Mauer agemauert gouf en Dëppe mat 2772 Mënzen fonnt. Dëse Schaz datéiert an d'Enn vum 3. Joerhonnert. Mëtt vum 4. Joerhonnert ass d'Gebai niddergebrannt. Et gouf awer deelweis erëm a Stand gesat a vill Brandschutt ass am net méi benotzte Keller entsuergt ginn. Aus dëser Verfëllung stamen och e puer besonnesch Fondstécker: eng Schminkpalett, eng aussergewéinlech Hoernol, Brochstécker vun enger wäertvoller Dous aus Elfebeen (et handelt sech dobäi ëm eng vun deene fréisten a beschtdatéierten Aarbechten aus Elfebeen aus der ganzer Spéitantiquitéit) a Stecker vun engem Pentagon-Dodekaeder.

Ënnert dem réimesche Gebai goufe Spuere vun engem keltesche Virgängerbau entdeckt. 

Brauerei - Gebai 6[änneren | Quelltext änneren]

Och op dëser Plaz stoung en hëlzene Virgängerbau. D'Gebai aus Stee weist am Moment fënnef verschidde Bauphasen op a gouf bis an d'4. Joerhonnert benotzt. Déi ausgegruewe Strukture weisen drop hin datt et eng Brauerei war[2].

Hellegtum - Gebai 7[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai 7 konnt als klengt galloréimescht Hellegtum identifizéiert ginn. Ronn 50 Mënzen an e puer, héchstwarscheinlech mat Iesswuere gefëllten, Gefäässer goufen hei de Gëtter geaffert. Op der selwechter Plaz gouf eng rechteckeg Struktur aus graff behaene Steng fonnt. Op et sech dobäi em e Virgängerbau handelt, ass am Moment nach onkloer.

E puer Meter vum Hellegtum ewech, gouf e Graf aus der Bronzezäit fräigeluecht.

Niewegebai - Gebai 8[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai 8 huet zwou Bauphasen aus Steen. Vill Schlaken an Eisenluppen deiten op eng méiglech Funktioun als Schmëdd hin. Widder d'Gebai gouf eng Mauer ugebaut, déi 100 m weider südlech duerch Buedemradarmiessungen erëmfonnt gouf. Et ass am Moment (Mäerz 2019) och dat eenzegt Gebai um Site, bei deem d'Grondmaueren nach net konsolidéiert sinn an dat nach net zougänglech ass.

Grafmonument[änneren | Quelltext änneren]

Ëm 30 n. Chr. gouf e Grafmonument no réimescher Traditioun tëscht den hëlzene Gebaier opgeriicht. Dat ass fir eis Géigend relativ fréi a weist datt déi deemoleg Bewunner endgülteg déi réimesch Kultur ugeholl haten. Et huet sech em e begehbart Monument vu fënnef Meter Héicht gehandelt, an deem eng Statu aus Steen stoung, vun där eng Hand bei den Ausgruewunge fonnt gouf. Vu datt d'Gebai 1 eréischt am 3. Joerhonnert opgebaut gouf, ass dervun auszegoen, dass de Besëtzer dëst Gebai op d'Monument ausgeriicht huet. Spéider gouf d'Monument allerdéngs ofgerappt an d'Steng op anere Plaze verbaut.

Weider Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Südlech vun de bekannte Gebaier goufen an de Felder nach Iwwerreschter vu weidere Gebaier fonnt. Iwwert d'Funktioun an d'Ausmoossen ass awer nach näischt bekannt.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Réimervilla aus féiert e Léierpad bei d'Keltesch Adelsgriewer tëscht Giewel an Nouspelt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Adam, Joël & Bombled, Gil [Red.] 2005. Auf den Spuren der Vergangenheit: 1989 - 2004 Nospelt: D'Georges Kayser Altertumsfuerscher, 2005, Niederanven, Ossa. 331 p.: ill. ; 24 cm. [Auteuren: Joël Adam, Michel Baudet, Jacques Bonifas, Vic Lippert, Morgane Richard ; Beiträg: Manfred Kunter, Jean Krier, Franziska Dövener, François Reinert]
  • Krier, Jean, 2005. Eine spätantike Elfenbeinpyxis aus der römischen Villa von Goeblingen. Den Ausgriewer: Zeitung vun den D'Georges Kayser Altertumsfuerscher Jg. 15, Nr. 15: 14-17, ill. Nospelt.
  • Krier, Jean, 2006. Ein neuer Grabrundbau des 1. Jahrhunderts n. Chr. in Luxemburg. Den Ausgriewer: Zeitung vun den D'Georges Kayser Altertumsfuerscher Jg. 16, Nr. 16: 9-10, ill. Nospelt.
  • Lahur, Yves, 2011. Eine eigenartige Mauerstruktur in Goeblingen-Mecher. Den Ausgriewer: Zeitung vun den D'Georges Kayser Altertumsfuerscher Jg. 21, Nr. 21: 60-63, ill. Nospelt.
  • Lahur, Yves, 2015. „D'Georges Kayser Altertumsfuerscher a.s.b.l.“ und die villa rustica von Goeblingen-„Miecher“. Archäologentage Otzenhausen - Archäologie in der Großregion Band 1, Nr 1: 211 – 222, ill. Nonnweiler.
  • Lahur, Yves, 2015. Die villa rustica von Goeblingen-Miecher. Den Ausgriewer: Zeitung vun den D'Georges Kayser Altertumsfuerscher Jg. 25, Nr. 26: 34-45, ill. Nospelt.
  • Yves Lahur, 2018. Älteste Bierbrauerei in Luxemburg an der villa rustica von Goeblingen-Miecher ausgegraben. Den Ausgriewer: Zeitung vun den D'Georges Kayser Altertumsfuerscher Jg. 28, Nr. 29: 38–39, ill. Nospelt.
  • Metzler, Jeannot; Thill, Gérard & Weiller, Raymond, 1973. Ein umwallter gallo-römischer Gutshof in "Miécher" bei Goeblingen. Hémecht, n° 3/73: 375-399. Luxembourg: Impr. Saint-Paul.
  • Paulke, Matthias, 2019. Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 68-69.
  • Sand, Nena, 2014. Wasserversorgung römischer Gutshöfe. Den Ausgriewer : Zeitung vun den D'Georges Kayser Altertumsfuerscher Jg. 24, Nr. 24: 50-57, ill. Nospelt.
  • Thill, Gérard, 1966. Ausgrabungen bei Goeblingen-Nospelt. A. Eine gallo-römische Villa auf "Miecher". B. Vier spätlatènezeitliche Brandgräber auf "Scheierheck". Hémecht 18, H. 4: 483-491.
  • Sébastien Lambot, 2019. Le géoradar révèle de nouvelles constructions dans le sous-sol gallo-romain de Goeblange-Miecher. Den Ausgriewer: Zeitung vun den D'Georges Kayser Altertumsfuerscher Jg 29, Nr 30: 45–47, ill Nospelt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Réimervilla zu Giewel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De Georges Kayser war Paschtouer zu Nouspelt.
  2. Brauerei science.lu, 09.03.2019, 11:25:14