Réimesch Thermen zu Mamer

Vu Wikipedia
Déi restauréiert Grondmauere vun de réimeschen Thermen zu Mamer. Hannen am Bild: d'Mamer.

D'Réimesch Thermen zu Mamer goufen 1972 bei archeologeschen Ausgruewungen zu Mamer, no beim Tossebierg, entdeckt, zesumme mat aneren Iwwerreschter vu Bauten a Gebaier aus der Réimescher Zäit.

Op enger Fläch vun 12 ha goufen ënner anerem réimesch Thermen an e Vicus (Réimescht Duerf) fonnt. Dëst ass dorop zeréckzeféieren datt dat haitegt Duerf Mamer (réim. Mambra) an der Zäit vun der réimescher Herrschaft, déi vun 53 v. Chr. (nodeem d'Réimer d'Schluecht géint d'Treverer gewonnen haten) gutt 450 Joer gedauert huet, de Vicus als Relais (Raschtplaz) um Kiem gedéngt huet.

D'Mauere vun den Therme si bis op eng Héicht vun ongeféier 50 cm eropgebaut a restauréiert ginn.

Den 18. Oktober 1973 gouf den Terrain mat de gallo-réimesche Ruinen op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Bei Ausgruewungen an der Ëmgéigend vum Vicus goufen tëscht 2009 an 2011 an engem Buer Schanke vun am Ganzen 259 Liewewiesen entdeckt. Dorënner waren och Schanke vun - wéi sech méi spéit erausgestallt huet - engem Dromedar[1]. D'Analyse vun den Archeologen hunn erginn, datt réimesch Truppen den Dromedar-Hengscht am spéiden 3. Joerhonnert mat op Lëtzebuerg bruecht hunn.

D'Archeologen hunn awer bis ewell nach keng Äntwert op d'Fro fonnt, firwat d'Schanken esou gutt erhale waren a firwat dat doudegt Déier esou gutt beschützt war, datt keen Aasfrësser dru gefriess huet[2].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Metzler Jeannot, Zimmer John, 1975: Öffentliche Bäderanlage und spätantike Baureste im gallo-römischen Vicus von Mamer. Hémecht, 27, 429-487.
  • Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 88-89.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Réimesch Thermen zu Mamer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Dromedar-Skelett aus der Réimerzäit bei Ausgruewung entdeckt op rt.lu de 16. August 2017, fir d'lescht gekuckt den 1. August 2018
  2. Dromedar am réimesche Pëtz zu Mamer wërft Froen op op rtl.lu den 1. August 2018, fir d'lescht gekuckt den den 1. August 2018