Réimesch Begriefnesritualer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Hautdesdaags ass e Kierfecht gréisstendeels eng zoue Plaz, e bësselche verstoppt vun der Ëffentlechkeet, entweder duerch Maueren, Hecke, Beem oder aneres. D'Réimer haten do eng ganz aner Visioun vum Doud, respektiv den Doudegen, wat een unhand vun de réimesche Begriefnesritualen däitlech gesäit.

Fir d'Réimer ass d'Räich vun den Doudege ganz enk verbonn mat hirem alldeegleche Liewen. Sou fanne mer och un alle grousse Stroosse kollektiv Nekropolen, an awer och eenzel Griewer vu Familljen. Déi Doudeg sinn net diskret mä gräifen dagdeeglech an d'Liewen an, a sief et nëmmen duerch d'Inscriptiounen op de Griewer (Epitaph). Dëst beweist d'Koexistenz vun deenen zwou Welten déi sech net ignoréieren, mä matenee verbannen.

Direkt vun Ufank un allerdéngs eng kleng Prezisioun: Net all d'Réimer si gläich wann et ëm d'Stierwe geet. Mir kennen hautdesdaags gréisstendeels den Doud vu wichtege Personnagen. An effektiv hunn d'Réimesch Auteuren sech wéineg ëm den Doud vum klenge Mann bekëmmert, mä hu sech bei den Eliten opgehalen, a bei de Politiker an Intellektuellen. An der réimescher Welt ass deen eenzeg wichtegen Doud dee vum männleche Staatsbierger. D'Begriefnesser vu Fra a Kanner fale méi kuerz aus, wann iwwerhaapt. Hiren Doud interesséiert d'Communautéit net besonnesch, obwuel et och do natierlech Ausname gëtt.

Réimesche Grafsteen aus dem Enn vum 1. Joerhonnert

Den Doud[änneren | Quelltext änneren]

D'verschidden Etappen, vum Doud bis zum Begruewe vun der Läich sinn déi Zäit an där d'Famill trauert. D'Totalitéit vun de Ritualer soll de Verstuerwene vun der Welt vun de Liewenden trennen.

No engem Stiefesfall vun engem Mann muss seng Famill den Doud enger sougenannter "Bestattungsfirma" matdeelen. Nom Gesetz vu Pozzuoli iwwer d'Begriefnesser sollt een net ze laang waarden fir de Kierper ze begruewen, well deen eng Source vu Verschmotzung duerstellt. Mä wéi sou dacks leien Theorie a Praxis e gutt Stéck ausernaner.

D'trauernd Famill muss sech als solches weisen. Vum réimeschen Auteur Varro gi mer leider just Detailer iwwer d'Fraleit gewuer. De Varro erzielt eis vum funus indictiuum, dem feierleche Begriefnes. An der ganzer Zäit tëscht dem Doud an dem Begriefnes (dat ka bis zu enger Woch daueren) droen d'Fraleit e sougenannte Ricinum, eng Zort Schal, mat deem si ëffentlech hir Trauer weisen. Effektiv sollten d'Fraleit während der Trauerzäit op allméigleche Luxus verzichten, an dësen alen Accessoire droen. Si hu misse versichen, der Doud gläich ze ginn, fir ze weisen datt hir Trauer si vun den normale Stierflechen ënnerscheet.

Déi 7-8 Deeg vum Stierffall bis zur Afferung vun der porca praesentanea während dem Begriefnes sinn eng ëffentlech Zäit, op fir d'Stad. Am Géigesaz zu eiser Gesellschaft ass den Doud zu Roum en ëffentlecht Evenement.

Den "onméiglechen Doud" (mort impossible - Nicole Belayche) sinn eng Rei Ritualer déi de liewege Charactère vum Verstuerwenen ervirhiewe sollen. Eigentlech soll den Doudegen duergestallt ginn als een, deen nach lieft.

Direkt nom Doud fänkt déi éischt Sequenz un, d'siwen Deeg vun der Expositioun. Dës Period huet eng Partie Grënn: un éischter Linn soll bewise ginn datt den Doudegen net nëmme schwaachgefall ass, an enger zweeter Etapp gëtt den Doudegen a sengem Liewe gewisen.

Wéi soueng Zeremonie ofleeft wësse mer duerch den Doud vum Keeser Septimius Severus. De Verstuerwene gouf am atrium vum Haus presentéiert. Aus éischt goufen déi lescht Deeg vum Verstuerwene nogespillt, obschonn dëse schonn a Britannien gestuerwen a verbrannt gi war. Aus Wuess gouf en Ofbild geschaf, nom Modell vum Verstuerwenen.

A regelméissegen Intervalle kommen d'Dokteren bei d'Bett vum Verstuerwene kucken, dee jo anscheinend nach lieft. De siwenten Dag kann, nodeem datt den Doud agetrueden ass, mam Begriefnes ugefaange ginn.

Während der ganzer Zäit gouf de Verstuerwene gewäsch, parfüméiert, e krut seng schéinsten Toga ugedo : an dëser gloriéiser Opmaachung gëtt hien am Cortège ronderëm gefouert.

Während dem Cortège läit de Kierper net méi wéi während der Expositioun am Haus, mä e sëtzt riicht, d'Illusioun vum Liewen.

Fir de Cortège gëtt eng Praefica engagéiert: si séngt iwwer dem Doudege säi Liewen an d'Trauer iwwer säin Doud.

Déi éischt Membere vun der pompa sinn d'Virfahre vum Verstuerwenen. Hir Masken, d'imagines gi vu Leit gedroen, déi dem Verstuerwene gläichen. Um Enn vum Cortège droen d'Hannerbliwwen däischter Kleeder, d'Fraleit droen hir Hoer lass : dëst soll hiren Degoût fir d'Welt däitlech maachen. D'däischter Kleeder markéieren de Lien tëscht dem Trauernden an der Welt vun den Doudegen.

Virum Doudege ginn och Käerze gedroen, obschonn de Cortège am Dag stattfënnt.

De Cortège hält traditionell op der Plaz op, wou den Doudege soll begruewe ginn.

Et fält op datt d'Gëtter an dëser éischter Woch nom Doud quasi keng Plaz hunn. Trotzdeem ass déi Zeremonie dofir net manner reliéis.

D'Begruewen an d'Verbrennen: de wierklechen Doud[änneren | Quelltext änneren]

D'Zeremonie fänkt traditionell mat engem Affer un d'Gëttin Ceres un, d'sougenannt porca praesentanea.

Den Holzkoup huet normalerweis aus Zypressenholz bestanen, wéinst dem spezielle gudde Geroch, deen dëst Holz beim Verbrenne fräigëtt. D'Äsche kommen der Famill vum Verstuerwenen zou. Allerdéngs war et Brauch, e Fanger oder anert Kierperdeel net ze verbrenne mä ze begruewen.

D'Grafbäigaben déi a réimesche Griewer fonnt goufen, sinn deels Cadeauen, deels awer och Objeten déi dem Verstuerwene gehéiert hunn. Bei de Cadeaue fënnt ee gréisstendeels Iesswuere wéi Fësch, Eeër, oder Austeren. Dës Iesswueren hu keng speziell Plaz wou si am Graf leie sollen.

Ganz wichteg ass natierlech och d'Mënz déi dem Verstuerwenen an de Mond geluecht gëtt, fir de Charon ze bezuelen.

Dacks goufen och Kleeder an de Griewer fonnt, e Rimm, oder Bijouen.

Bis zum Enn vum 1. Joerhonnert war d'Verbrennen déi gängegst Method. D'Urne goufe meeschtens a kleng Monumenter gestallt. Spéider, am 2. an 3. Joerhonnert goufen ëmmer méi Leit begruewen, wat och d'Zuel vu Griewer erkläert, déi aus där Zäit fonnt goufen.

De Kierper gouf dobäi meeschtens op de Réck geluecht, mat den Ärem laanscht de Kierper. Natierlech gëtt et do och Ausnamen, déi sech d'Archeologen net ëmmer erkläre kënnen, zum Beispill Kierperen déi um Bauch leien.

Roum huet ëmmer versicht d'Welt vun de Liewende vun der Welt vun den Doudegen ze trennen, an do sinn d'Griewer natierlech keng Ausnam. Et ass verbueden, Doudeger an der Stad selwer ze begruewen. Dës Regelung gouf ënner anerem an der Lex Ursonensis festgehalen.

Fir de Rescht spillt d'Plaz fir d'Graf, e locus religiosus, awer keng Roll, soulaang engem den Terrain gehéiert. Deen Terrain gehéiert nom Begriefnes dann dem Doudegen, a kann net méi verkaaft oder verschenkt ginn.

D'Sarkophagen, déi zu Roum gebaut ginn, gi meeschtens laanscht eng Mauer gesat, an dowéinst fënnt een op deene Griewer da meeschtens och nëmmen op dräi Säite Skulpturen.

Nom Doud[änneren | Quelltext änneren]

D'Quasitotalitéit vun de Réimer huet un eng Séil gegleeft, oder e Weiderliewen nom Doud an iergendenger Form. Den Doud war fir d'Réimer keen Enn: d'Réimer hu gegleeft datt d'Séil hir Identitéit an hire Geescht behält, an am schlëmmste Fall zréckkënnt fir si ze verfollegen. Doduerch loosse sech och eng Partie Ritualer nom Doud erklären, déi fir d'Réimer ganz wichteg waren.

Während den néng Deeg nom Begriefnes ass d'Famill vun enger Rei gesellschaftlechen, militäreschen oder geriichtlechen Aufgaben fräigestallt (Lex coloniae Genetivae Iuliae). An dëser Zäit këmmere si sech ëm eng Partie Ritualer wéi de Sacrum novemdiale, en Iessen un deem den Doudegen indirekt deelhëlt (zum Beispill duerch d'Dekoratioun).

All d'Virfahre mussen elo vun der Famill geéiert ginn. D'Parentalia widderhuele sech all Joer. Dëst Familljefest huet vum 13. bis 22. Februar gedauert, bis zu den Caristia mat där ee léif Persounen déi nach um Liewe sinn éiert.

D'Lemuria si fir d'Famill an d'ganz Stad eng Geleeënheet fir Berouegungsritualer duerchzeféieren, fir datt d'Geeschter si a Fridde liewe loossen.

Nom Doud haten d'Réimer d'Gewunnecht, mat Wuess en Ofdrock vum Doudege sengem Gesiicht ze huelen, aus deem dann Doudesmaske fir de Verstuerwene gemaach goufen. Dëst trëfft allerdéngs nëmmen op "wichteg" Leit zou, déi opmannst en Deel vum réimesche cursus honorum hanner sech haten. Dës Imagines ginn dann am atrium vun den Hannerbliwwenen opgestallt.

D'Venus Libitina gouf als Gottheet ugesinn, déi de geneeën Oflaf vun de Ritualer iwwerwaacht. Doduerch gouf gegleeft datt den Doudege gutt doiwwer ukënnt, wann ee sech un all d'Ritualer hält.

An hirem Tempel gouf all Verstuerwenen notéiert, wourëms sech héchstwahrscheinlech d'libitinarii, d'Spezialisten vu Begriefnesser, bekëmmert hunn. Et gëtt ugeholl datt dës libitinarii schonn eng gewësse Positioun an der Gesellschaft haten, an datt si och gutt verdéngt hunn.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • BELOT E., Les dieux et les morts, 1990.
  • CUMONT F., Recherches sur le symbolisme funéraires des Romains, 1942.
  • HATT J.-J., La tombe gallo-romaine, 1951.
  • PRIEUR J., La mort dans l'antiquité romaine, 1986.
  • REECE R., Burial in the Roman World, 1977.
  • TOYNBEE J.M.C., Death and burial in the Roman world, 1971.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Réimesch Begriefnesritualer – Biller, Videoen oder Audiodateien
She-wolf suckles Romulus and Remus.jpg Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.