Réimesch Villa vu Borg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Réimesch Villa Borg)
D'Paart vun der Villa

D'Réimesch Villa vu Borg läit tëscht den Uertschaften Oberleuken a Borg an der Gemeng Perl. D'Villa läit op engem Terrain, dee 7,4 Hektar grouss ass.

Als éischten huet de Schoulmeeschter vun Oberleuken, de Johann Schneider am Ufank vum 20. Joerhonnert op dem Gebitt wou haut d'Villa steet, Ausgruewunge gemaach.

Am Buedhaus (caldarium) bei der Villa

Den 1. Abrëll 1986 hunn d'Aarbechten ugefaangen, déi dozou gefouert hunn, datt haut déi nogebaute réimesch Villa zu Borg steet.