Réimesch Villa zu Iechternach

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Réimesch Villa Iechternach)
Réimesch Villa zu Iechternach
En Deel vun de Reschter vun der Iechternacher Réimervilla mat enger Maquette
Typ geographeschen Objet,
archeologesch Plaz
Land Lëtzebuerg
Gemeng Iechternach
Statut Klasséiert Monument

D'Réimesch Villa vun Iechternach war eng réimesch Villa, no bei engem Kiem op Tréier, déi ëm d'Joer 70 no Christus gebaut gi war a bis an d'5. Joerhonnert do stoung, wou haut d'Uwänner vum Iechternacher Séi sinn, südwestlech vun der Stad Iechternach, um Flouer Schwaarzuecht.

D'Fëllementer an d'Iwwerreschter goufen 19751976 vum Service des sites et monuments nationaux ausgegruewen an ausgewäert, nodeem se bei den Terrassementsaarbechte fir de Séi fräigeluecht a bal mat ewechgebaggert gi waren[1].

1988 an 1989 goufen d'Terraine mat der Villa als Nationaalt Monument klasséiert[2].

Op der Basis vum Gesetz vum 16. Dezember 2022 ass de Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht fir d'Réimervilla vun Iechternach zoustänneg[3].

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Et handelt sech ëm eng Luxusresidenz mat 2 Stäck a bis zu 70 Zëmmeren um Rez-de-chaussée. Un de Mauere war Marber (deen zum Deel aus Italien erbäibruecht gi war), d'Biedem vu verschiddenen Zëmmere ware mat Mosaicker dekoréiert, an d'Zëmmeren haten eng Buedemheizung (Hypokaust).

D'Gebai war duerch en Haff mat engem Baseng an zwéi symmetresch Flilleke gedeelt. D'Haaptgebai hat eng Fläch vun 118m × 62m. Ronderëm de Prunksall, an der Mëtt, gouf et Kummeren, Kichen, Buedzëmmeren, asw. Lénks a riets un d'Haaptgebai ugebaut gouf et zwéi méi kleng Bannenhäff.

Laanscht d'Mauer ronderëm gouf et och Wirtschaftsgebaier, a Loftopnamen no gouf et och e bësse méi wäit ewech aner Gebaier, wéi Ställ, Scheieren, Wunnenge vun de Sklaven, asw.

Héchstwarscheinlech goufen an dëser Villa Päerd geziicht, déi un d'réimesch Arméi verkaaft goufen.

Am Laf vun de Joerhonnerten duerno gouf d'Gebai e puermol ëm- an ausgebaut.

Am Ufank vum 2. Joerhonnert koum eng Buedemheizung an de Säitefligele bäi, déi vergréissert goufen. An der zweeter Hallschent vum 2. Joerhonnert koume Gebaier, Gäng an Häff um hënneschten Deel vum Nordfligel bäi, warscheinlech fir Atelieren. Uganks vum 3. Joerhonnert gouf et do e Feier. Duerno gouf d'Wunngebai vergréissert. Ëm 275 gouf Iechternach vu Germanen iwwerfall, an d'Villa ass a Brand gestach ginn.

Se gouf net méi als Ganzt nees opgebaut, mä et gouf eenzel Gebaier, déi duerch Kolonade matenee verbonne waren. Dobäi goufen och d'Bieder ausgebaut: e monumentale Frigidarium mat engem quadrateschen 9 m breeden iwwerdaachte Baseng an engem Thermalbaseng koume bäi, soudatt ee kann unhuelen, datt déi ewell ëffentlech Bieder déi anerer, déi zerstéiert gi waren, ersat hunn.

Am 5. Joerhonnert, bei weideren Invasiounen, ass d'Villa da fir zerguttst zerstéiert ginn. An de Joerhonnerten duerno hunn d'Patere vum Klouschter Iechternach, deenen den Terrain ewell gehéiert huet, d'Ruin als Steebroch benotzt.

Inforum[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Plaz vun der Villa gouf en Informatiounszentrum gebaut, de sougenannten "Inforum". Dora sinn e puer Zëmmeren nogebaut, a mat Mannequine ginn Zeenen aus dem Alldagsliewe vun deemools nogestallt. Och Maquettë mat deene verschiddene Bauperiode vun der Villa sinn ze gesinn. Weider gëtt et e Sall, wou Filmer gewise kënne ginn an e Buttek mat Literatur zum Theema.

Dozou gehéiert och e réimesche Gaart, hortus amoenus genannt, mat Planzen, wéi se deemools gezillt goufen, an en Zelt mam Numm Auditorium musica et vox.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Johny Zimmer, Jeannot Metzler, Lothar Bakker: Ausgrabungen in Echternach. Ed. Publications nationales, Luxembourg 1981.
  • Jean Metzler, Jean Zimmer: "Echternach, une grande villa romaine" in: Archéologia Nr 168 (Juli 1982), S. 38-50.
  • Haag, Emil, 2011. La romanisation du pays des Trévires: les sites du Titelberg et de Dalheim, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 56-63.
  • Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 60-61.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ancient Roman villa Echternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J.A. Massard: In Echternach fand man die größte Römervilla des Landes. Tageblatt, 20. Dezember 1975.[1]
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. (fr)Loi du 16 décembre 2022 portant modification de la loi modifiée du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'État. http://data.legilux.public.lu+(16.12.2022).+Gekuckt de(n) 22.09.2023.