Réimesch Villa vun Otrang

Vu Wikipedia
Maquette vun der Villa Otrang

D'Villa vun Otrang an der Uertsgemeng Fließem bei Bitburg ass eng Villa aus der Réimerzäit, déi an 3 Bauphasen tëscht dem 1. an dem 5. Joerhonnert bestanen huet.

Et handelt sech ëm en Haapthaus (pars urbana) mat niewendrun engem Bauerenhaff (pars rustica) vun 380 × 132 m, a rondrëm 9 klenge Gebaier (Ställ, Schäpp, asw.). D'Haapthaus hat eng Fläch vu ronn 60 × 60 m a bestoung aus 66 Zëmmeren. Dovu waren der op d'mannst 13 mat Mosaicker um Buedem dekoréiert. An der Mëtt war e sougenannte Kryptoportikus, mat enger Sailenhal, déi driwwer louch, an deen zum Dall hin orientéiert war.

Am 19. Joerhonnert gouf, ufanks op Privatinitiativ, versicht, d'Grondmaueren, déi nach iwwereg waren, auszegruewen an d'Mosaicker ze sécheren. Sou goufen iwwer 4 Mosaicker vun der preisescher Regierung kleng Haiser gebaut, fir se virum Wieder ze schützen. Ausser dëse Mosaicker an de Grondmauere sinn haut nach Deeler vun engem Hypokaust-System ze gesinn, sou wéi och Deeler vu Bieder.

Ee vun de Mosaicker

400 m südsüdëstlech vun der Villa louch e klengen Tempelbezierk, deen dozou gehéiert huet, mat op d'mannst zwee Gebaier, vun deem awer haut näischt méi ze gesinn ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heinz Cüppers: Römische Villa Otrang. Führungsheft 5. Mainz 1997
  • Peter Hoffmann, Villa Otrang, Führungsheft 5, Edition Burgen, Schlösser, Altertümer Rheinland-Pfalz, Schnell & Steiner, Regensburg 2004 ISBN 3-7954-1465-2
  • Walter Pippke, Ida Pallhuber: Die Eifel. Köln [1984] 2. Auflage 1984. (DuMont Kunst-Reiseführer), S. 300, Abb. 100

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]