Réimesch Villa zu Schieren

Vu Wikipedia
Medaillon an der Fresk vum klenge Raum am Haaptgebai.

D'Réimesch Villa zu Schieren sinn Iwwerreschter vun enger réimescher Villa rustica, déi um Flouer Wisschen (och alt Wieschen geschriwwen) bei Schieren am 19. Joerhonnert entdeckt, an dann nees 1991 erëmentdeckt goufen.[1]

Uganks 2015 gouf se bei enger Noutgruewung vum Centre national de recherche archéologique a vum Staatsmusée ënnersicht, ier d'Haaptgebai dann duerch Stroossenaarbechten un der Nordstrooss, déi méi breet gemaach gëtt, zerstéiert gëtt. D'Wirtschaftsgebaier vum fréiere Wiesen, déi sougenannt pars rustica, goufe schonn erfuerscht; si leien ewell ënner neien Haiser an ënner der Nordstrooss.[2]

D'Haaptgebai vun der Villa, dat an engem Hank louch, war eng 110 Meter laang an eng 35 Meter déif. Nieft dem Krichsgott Mars op engem Rank goufe Reschter vu Freskoe mat engem Amor fonnt.[2]

Hypokaust Heizung vum klenge Raum am Haaptgebai, wou och d'Freske fonnt goufen.

2019 sinn dräi weider Gebaier fonnt ginn, dorënner e grousst Gebai mat zwou Entréeën.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gallo-roman villa in Schieren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Et gëtt dru geduecht, um Site a Musée anzeriichten." rtl.lu, 03.10.2018, 23:27:18.
  2. 2,0 2,1 "Zu Schieren gëtt eng Réimervilla ausgegruewen." rtl.lu, 18.03.2015, 07:30:16.
  3. "Réimer-Villa zu Schieren nach vill méi grouss wéi geduecht." rtl.lu, 06.09.2019 14:44.