Réngelnatter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Réngelnatter
Eng Réngelnatter

Eng Réngelnatter
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Uerdnung: Schuppereptiller
Ënneruerdnung: Schlaangen
Famill: Natteren
Gattung: Natrix
Aart: Réngelnatter
Wëssenschaftlechen Numm
Natrix natrix
Laurenti 1768


D'Réngelnatter oder och einfach Adder (Natrix natrix) ass eng Schlaang, déi zu der Famill vun den Natteren (Colubridae) gehéiert. D'Aart deelt sech an e puer Ënneraarten op, déi an deene meeschten Deeler vun Europa, Asien an Nordafrika doheem ass.

D'Réngelnatter ass mat 80 bis 100 cm Längt déi gréisste Schlaang déi zu Lëtzebuerg virkënnt an ass queesch duerch d'Land ze fannen. Sie ass net gëfteg.

Der Réngelnatter hir Faarf variéiert vu schifergro bis gréng-brong oder oliv-brong. Seelen trieden och ganz oder deelweis schwaarz Individuen op (Melanismus).

Dem Heng Klees no ass se zu Lëtzebuerg deelweis och ënnert de Bezeechnungen Adder, Heckenéil, Heckeschlaang, Onk oder Wisenéil bekannt.

Eng seele schwaarz Variant vun der Réngelnatter


[änneren] Literatur

  • Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.
  • La Fontaine, Alphonse de, 1870. Reptiles. 49 p. Imprimerie V. Bück, Luxembourg.
  • Proess, Roland (Hrsg.), 2007. Verbreitungsatlas der Reptilien des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia 52. ISSN: 1682-5519.
Commons: Natrix natrix – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen