République libre d'Outremeuse

Vu Wikipedia

D'République Libre d'Outremeuse ass e Lécker Veräin, deen 1927 gegrënnt gouf. Et sollt eng wallounesch Replik vun der République libre de Montmartre ginn.

Se gouf op Initiativ vu Journalisten a Perséinlechkeeten aus dem Quartier Outremeuse op d'Been gestallt an organiséiert all Joer d'Fest vum 15. August, ënner dem Numm 15 août en Outremeuse.

Op hir Initiativ hin ass d'Académie de Musique Grétry 1927 an d'Liewe geruff ginn, a si huet sech 1934 agesat fir d'Monument vum Generol Bertrand, an 1939 fir d'Monument vum Tchantchès.

D'Hymne vun der Republik ass Djudla Mouze po to, mat de Wierder vum Joseph Vrindts an den Noute vum Joseph Duysenx.