Rëmerschen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Rëmerschen
An anere
Sproochen:
fr: Remerschen
de: Remerschen
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Gréiwemaacher
Kanton: Réimech
Gemeng: Coat of arms schengen luxbrg.png Schengen
Buergermeeschter: Ben Homan
Awunner Uertschaft: 641
(2007)
Koordinaten: 49° 29' 18" N
06° 21' 03" O
Uertschaften - Gemengen - Stied

Rëmerschen ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an der Gemeng Schengen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Vun der "Gemeng Rëmerschen" op d' "Gemeng Schengen"

Wéinst dem héije Bekanntheetsgrad vu Schengen huet de Gemengerot a senger Reunioun vum 18. Januar 2006 decidéiert, eng Ufro ze maachen, fir den Numm vun der Gemeng "Remerschen" a "Schengen" ëmzebenënnen. Nom Gemengegesetz (Artikel 3) ass eng Ännerung vum Numm vun enger Gemeng nëmmen iwwert e Gesetz méiglech. De Gesetzesprojet dofir gouf vum Inneministär preparéiert an d'Chamber huet d'Gesetz den 13. Juli 2006 votéiert, wat den 30. August 2006 dunn am Mémorial A N° 150 verëffentlecht gouf. Domatt huet den Numm vun der Gemeng den 3. September 2006 vu Rëmerschen op Schengen gewiesselt.

[änneren] Geschicht

Den Numm "Remsere" gëtt fir d'éischt am Joer 893 ernimmt. Am Laf vun de Joerhonnerten entwéckelt e sech no an no zu dem haitege "Remerschen".

An der Mëtt vun den 1970er Jore stoung Remerschen am Zentrum vun der politescher Debatt, well do geplangt war, eng Atomzentral ze bauen.

[änneren] Kuckeswäertes

D'Birebamallee tëschent Rëmerschen an Elveng, d'Kierch Rëmerschen mat hirem ale Mobiliar an d'Haus op Nr 88 an 88A an der Wäistrooss sinn als Inventaire supplémentaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

[änneren] Linken

D'Kellerei zu Rëmerschen

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Rëmerschen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen