Rösti

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Rösti

De Rösti, "Röschti" ausgeschwat, ass eng Gromperespezialitéit aus der Schwäizer Kichen.

Heibäi ginn d'Grompere graff gerappt an an enger mëttelgrousser Pan am Ueleg gebroden. Dobäi baakt dat Ganzt zu enger Zort Kuch zesummen. Ausser Ueleg an e bësse Salz kënnt näischt derbäi, allerdéngs ginn et Varianten, wou z.B. Speckgréiwen oder Schwäizer Kéis dragemaach ginn. Jee no Géigend gi réi oder gekachte Grompere geholl.

Rösti ass an der Mëtt vum 19. Joerhonnert an der däitschsproocheger Schwäiz erfonnt ginn, woubäi en ursprénglech moies als éischt Moolzecht giess gouf, an net, wéi haut, als Bäilag vum Mëtteg- oder Owendiessen.

[änneren] "Röstigraben"

"Röstigraben" ("Röstigruef") gëtt an der Schwäiz ironesch de "kulturelle Gruef" tëscht der däitschsproocheger a franséischsproocheger Schwäiz genannt, z.B. wa Referendumsresultater kommentéiert ginn, déi ënneschiddlech an deenen zwou Géigenden ausgaange sinn.

[änneren] Kuckt och

Commons: Rösti – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen