RR Lyrae-Stär

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'RR-Lyrae-Stäre sinn eng Ënnerklass vun de Cepheiden, déi no dem Stär RR Lyrae am Stärebild Lyra genannt sinn. RR-Lyrae-Stäre veränneren hir Liichtkraaft streng periodesch, dobäi verännert sech och hir Uewerflächentemperatur (6000–7500 °C) an domat och hir Spektralklass. Si ginn opgrond vun hirer Existenz Kugelstärekéip oder och verännerlech Kéip genannt.

Entdeckt goufen d'RR-Lyrae-Stäre 1895 vum Solon Irving Bailey duerch eng Analys vu ville Fotoe vum Kugelstärekoup vun der Boyden Station vum Harvard College Observatoire zu Arequipa am Peru. Déi gefonnte Verännerlecher hunn an hire Liichtbéi staark Ähnlechkeet mat den Cepheiden opgewisen, nëmmen d'Periode waren am Vergläich mat den Cepheiden mat 80 Minutte bis 20 Stonne vill méi kuerz.

Bei geneeëm Hikucken hunn si sech awer däitlech vun den Cepheiden ënnerscheet. No engem ganz séieren, awer géien a kuerzen Hellegkeetsopstig ass e laange Minimum mat zimlech konstantem Minimalliicht gefollegt. D'Amplitude leien tëschent 0,2 an 2 Gréissteklassen. D'RR-Lyrae-Stäre sinn am Vergläich zu den Cepheide méi liichtschwach. Nodeems een ufanks RR-Lyrae-Stären nëmmen an Kugelstärekéip fonnt huet, verdeele sech déi ronn 6.000 déi bekannt sinn, ongeféier zur Halschent a Kugelstärekéip a baussenzeg vun de Kugelstärekéip.

D'RR-Lyrae-Stären hunn ongeféier d'hallef Sonnemass, si mat dem fënneffache Sonnenduerchmiesser awer méi grouss wéi déi. Si sinn Risestäre mat de Spektralklassen A an F a ginn och als Haaptverännerlecher bezeechent. Bei verschiddene vun dëse Stäre sinn ausserdeem Form an Amplitud vum Liichtbou periodesch verännerlech, wat sech duerch de Blazhko-Effekt erkläre léisst.

Soubal een d'Period vun dësen Objete bestëmmt huet, kennt ee wéinst der Period-Liichtkraaft-Bezéiung hir absolut Hellegkeet a kann doraus d'Distanz berechnen. RR-Lyrae-Stäre hunn eng mëttel absolut Hellegkeet vun ongeféier +0M.5 wat enger Liichtkraaft vu ronn 90 Sonneliichtkraafte gläichsteet.

Op Grond vun hirem relativ héijen Alter weise si e klengen Undeel vu schwéieren Elementen un, obwuel d'chemesch Zesummesetzung zimlech ënnerschiddlech ka sinn. Déi metallräichste Stäre vun dëser Kategorie weisen Undeeler wéi eis Sonn op, während anerer nëmme ronn een Honnertstel vum Metallundeel vun eiser Sonn hunn.

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie


[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen