rtl.lu

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) RTL Sonndeszeitung)


RTL Newmedia
Typ S.A.
Grënnungsdatum 1994
Sëtz CLT-UFA S.A. RTL Group
43, boulevard Pierre Frieden,
L-1543 Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Leedung Christophe Goossens
Branche Medien
Homepage http://www.rtl.lu

rtl.lu ass en Internet-Site, dee gréisstendeels op Lëtzebuergesch ass, an dee vun RTL newMedia Luxembourg bedriwwe gëtt, déi hirersäits, via CLT-UFA, zu der RTL Group gehéiert. Zu rtl.lu gehéieren och dee franséische Noriichten- an Informatiounssite RTL 5 minutes.lu an RTL Today, den Noriichten- an Informatiounssite op Englesch deen am Februar 2018 lancéiert gouf. Den aktuelle Responsabel vum Contenu ass den Olivier Treinen.

Seng Inhalter hu gréisstendeels en direkte Bezuch zum Radiosprogramm (RTL Radio Lëtzebuerg) an den Tëleesprogrammer (RTL Télé Lëtzebuerg; RTL Zwee) op Lëtzebuergesch : d'Programmer kënne live gekuckt oder gelauschtert ginn, oder zum Deel am Archiv nogesicht ginn.

Zousätzlech gëtt et en Noriichtendeel (dee Sonndes als RTL Sonndeszeitung vermaart gëtt), Hannergrondinformatiounen iwwer bestëmmt Emissiounen, Fotogalerien, Lieserbréiwer, Rubricken an och Inhalter an Zesummenaarbecht mat anere Firmen, wéi Annoncen, Giel Säiten, asw.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Direktioun[änneren | Quelltext änneren]

Generaldirektor :

  • Christophe Goossens[1]

Content Director & Deputy CEO :

  • Steve Schmit

Digital Director :

  • Tom Weber

Head of Digital Content :

  • Olivier Treinen

Reechwäit[änneren | Quelltext änneren]

All Woch surfen 240.000 Visiteuren op RTL.lu, dat si 46,5 % vun der Populatioun vun iwwer 12 Joer. De Lëtzebuerger Informatioun-Site ass dee meescht-consomméierten Internet-Medium am Land. Bal een Drëttel (31 %) vun de Visiteure sinn auslännesch Residenten.[2],[3]

Um Wal-Sonndeg 2018 (578.463 Visitten) an um Méindeg (522.478 Visitten) dono, huet RTL.lu mat iwwer 1,1 Millioune Visitten a 15,1 Millioune Säiten en neie Rekord opgestallt.[4],[5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • rtl.lu - Homepage vun RTL.lu
  • RTL 5minutes.lu - dee franséische Noriichten- an Informatiounssite
  • RTL Today - deen englesche Noriichten- an Informatiounssite

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Christophe Goossens appointed CEO of RTL Luxembourg. 13.01.2017, Luxembourg, RTL Luxembourg
  2. TNS-Ilres Plurimedia-Etüd 2018.II
  3. Mediekonsum zu Lëtzebuerg
  4. Record d'audience pour RTL.lu le jour des élections 2018
  5. Walen 2018 - Neie Rekord fir d'RTL-Medien