RTL Télé Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) RTL Tele Lëtzebuerg)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
RTL Télé Lëtzebuerg
Typ S.A.
Grënnungsdatum 1969
Sëtz CLT-UFA S.A. RTL Group
43, boulevard Pierre Frieden,
L-1543 Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Leedung Christophe Goossens
Branche Medien
Homepage http://tele.rtl.lu/

RTL Télé Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche privaten Televisiounssender.

RTL Télé Lëtzebuerg gouf 1991 gegrënnt a gehéiert zu 100 % dem RTL Group. Zanter Januar 2017 ass de Christophe Goossens Generaldirekter vun RTL Lëtzebuerg. De 15. Februar 2017 gouf de Guy Weber neie Chefredakter, als Nofollger vum Alain Rousseau[1],[2]

D'Haaptsprooch vun RTL Télé Lëtzebuerg ass Lëtzebuergesch. De Journal gëtt awer och simultan nach op Franséisch gedolmetscht, an et gëtt franséisch an däitsch Ënnertitelen.

Am éischte Semester 2018 goufen d'Programmer vun RTL Télé Lëtzebuerg (och via den 2. RTL (haut: RTL Zwee) an Internet) an der Woch am Duerchschnëtt vun 102.300 Spectateure gekuckt[3].

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Direktioun[änneren | Quelltext änneren]

Generaldirekter: Christophe Goossens[4] Content Director & Deputy CEO: Steve Schmit
Programmchef: Jeff Spielmann Informatiounsdirekter: Guy Weber

Formater[änneren | Quelltext änneren]

Aktuell Formater/Sendungen:
Sendungen Gerne Frequenz Detail
De Journal Noriichtesendung All Dag Noriichten op Lëtzebuergesch
De Magazin Theemesendung Méindes bis donneschdes Aktuell Theemen, Personnagen, Eventer an dat wat d'Leit beweegt. 30 Minutte mat Reportagen, Live-Interventiounen an Invitéeën.
Kloertext Talkshow Donneschdes D'Emissioun vun der Caroline Mart ronderëm déi Theemen, déi jiddereen am Alldag betreffen. Mat Invitéeën aus der Lëtzebuerger Gesellschaft an der Politik.
Live! Planet People Talkshow Freides Den Talkmagazin vum Freidegowend. E flotte Mix aus aktuellen Theemen an interessante Leit.
Anne's Kitchen Kachsendung Onreegelméisseg
ArtBox Kultursendung Sonndes En Abléck an engem Kënschtler säin Alldag
ArtEck Kultursendung Onreegelméisseg En neie Bléck op Lëtzebuerger Perséinlechkeeten an hir faszinant Geschichten.
Famillenduell Gameshow Méindes bis donneschdes „100 Leit hu mer gefrot“... De weltwäite Gameshow-Klassiker op Lëtzebuergesch. D'Emissioun gëtt vum Dan Spogen moderéiert.
Films Made in Luxembourg Film Onreegelméisseg
Goal Sport Méindes Déi grouss Matcher, Hannergrënn a Reportagen, Clibb, Spiller a Fans... De grousse Magazin zesumme mat der FLF all Méindegowend nom Journal op der Tëlee.
KannaTiVi Kannersendung Sonndes De Kannerprogramm mat Emissiounen, Serien a Kanner-News op RTL Télé Lëtzebuerg an RTL Zwee.
"Hei Elei Retro" Retrosendung Sonndes
MaG - Mënschen a Geschichten Interview All zweete Sonnden Mënschen a Geschichten, emotional staark Portraite vu Leit, déi eppes Aussergewéinleches erlieft hunn, glécklech oder dramatesch Momenter, déi hiert Liewe verännert hunn.
Nächst Statioun Animatiounsserie Sonndes De Klaus an de Misch sinn zwéi kleng Ausserierdescher, déi op d'Äerd geschéckt goufe fir eng Invasioun virzebereeden. Nächst Statioun » ass eng Animatiounsserie fir Grouss a Kleng, déi vun Zeilt Productions ganz zu Lëtzebuerg realiséiert gouf.
No Art On Air Talkshow Samschdes De labberen Talk mam Jenny Fischbach iwwer kulturell Theemen mat spannenden Invitéeën, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.
Picco Bello Jackpot Gameshow Onreegelméisseg D'Glécksrad vun der Loterie Nationale mam groussen Jackpot, wien 3 Tëleeë rubbelt, ass dobäi!
PISA - de Wëssensmagazin Wëssensmagazin Sonndes (onreegelméisseg) Theemen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani an der Ekipp vum Magazin
Rebound - de Basketsmagazin Sport Sonndes Sendung iwwer Basketball
"routwäissgro" Dokumentatioun Sonndes (onreegelméisseg) Eng Serie aus dem Liewe gegraff an op de Mënsch zougeschnidden. All Episod begleet eng Persoun a sengem gelieften Alldag.
RTL Sport Sport Sonndes Wat war de Weekend iwwer lass am Sport? Resultater, Biller, Reportagen - direkt nom Journal.
Success Story Entertainment Dënschdes (onreegelméisseg) Lëtzebuergesch Versioun vun „Die Höhle der Löwen“
Télévie Benefiz-Sendung Eemol d'Joer Spendemarathon fir d'Kriibsfuerschung z'ënnerstëtzen

(Stand: Juni 2020)

Fréier Formater/Sendungen:
Sendungen Genre Detail
20 vir Talksshow
"Ausgesat - Eng Rees ouni Plang" Doku-Soap Zwou RTL-Equippen ginn ausgesat op enger hinnen onbekannter Destinatioun. Eng Course zwee géint zwee, ouni Internet a mat limitéiertem Budget ...
Automag Automagazin Autoen am Test, nei Modeller zu Lëtzebuerg a spannend Reportagen ronderëm dem Lëtzebuerger seng léifste Spillsaach, presentéiert vum Pascal Becker a Serge Pauly.
"Capitani" Krimiserie Éischt Lëtzebuerger Krimiserie
"Comeback" Sitcom
DNA - Geléisten an ongeléiste Lëtzebuerger Kriminalfäll True Crime Lëtzebuergesch Versioun vun „Aktenzeichen XY … ungelöst“
Generation Art Kultursendung D'Casting-Show, bei där Kënschtler hiert Talent beweise kënnen
Kapital Finanzsendung D'Ekonomie, d'Aarbechtswelt, de Business an d'Innovatioun zu Lëtzebuerg vun Experte beliicht
"Neie Wand mam Wendt", mit Andreas Wendt Magazinsendung Den Hair-Stylist Andreas Wendt bréngt neie Wand an d'Coiffeurssalonen, déi et néideg hunn
Mäi klenge Restaurant doheem Kachsendung 4 Käch(e) si bereet, fir een Owend hir Wunneng an e Restaurant ëmzebauen an 10 friem Gäscht ze bekäschtegen
Mastercook Kachsendung 8 Ekippen, 1 Zil, den Titel vum beschten Hobbykach Duo vu Lëtzebuerg. Wéi eng Hobbykäch Duoe kënnen haut de Jury am meeschten iwwerzeegen?
Review Filmmagazin De kritesche Kinosmagazin. Wei eng Filmer lafen elo am Kino a wei kommen se bei onsen Filmexperten un?
RTL Kids Kannersendung
RTL Shop Teleshopping
TIRLITIVI - Planet Kids Kannersendung All Dag
The One Museksshow Lëtzebuergesch Versioun vun "The Voice"
"Wanns de eppes kanns!" Castingshow Lëtzebuergesch Versioun vun "Das Supertalent"
"Weemseesdet" Sitcom Éischt Lëtzebuergesch Sitcom
"Zëmmer ze verlounen" Sitcom

(Stand: Juni 2020)

Journaliste-Presentateur a Journaliste-Reporter[änneren | Quelltext änneren]

  • Caroline Mart, Kloertext
  • Christophe Hochard
  • Diana Hoffmann
  • Fanny Kinsch
  • François Aulner
  • Frank Goetz, De Journal
  • Jeannot Ries
  • Lynn Cruchten, De Journal
  • Mariette Zenners, De Journal
  • Maxime Gillen
  • Monica Camposeo
  • Monique Kater
  • Petz Bartz
  • Pierre Jans
  • Pierre Weimerskirch
  • Raphaëlle Dickes, De Journal
  • Ryck Thill
  • Sascha Georges, De Journal
  • Serge Pauly
  • Tim Morizet

Magazin[änneren | Quelltext änneren]

  • Anouk Siebenaler, Reportage
  • Dan Spogen, Famillenduell, Live Planet People
  • Dan Wiroth, Reportage
  • Fabienne Zwally, Reportage, De Magazin, Live! Planet People
  • Isabelle Henschen, Reportage
  • Olivier Catani, Pisa, de Magazin, Live! Planet People,
  • Philippe Dondelinger, Reportage
  • Raoul Roos, De Magazin, Live! Planet People
  • Rosa Clemente, Reportage
  • Vidosava Kuzmic, Reportage
  • Violetta Caldarelli, De Magazin, Live! Planet People

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

  • Christiane Kremer, Head of culture
  • Jenny Fischbach, No Art On Air
  • Patricia Baum

Sport[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Guy Weber heescht den neie Chefredakter". rtl.lu 15.02.2017, 17:37:57.
  2. "Alain Rousseau tritt als Chefredakteur zurück." 25. Januar 2017 um 21:27.
  3. Zuele vun ILRES
  4. Christophe Goossens appointed CEO of RTL Luxembourg. 13.01.2017, Luxembourg, RTL Luxembourg