Raaspel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Raaspel ass en Handwierksgeschir, dat gebraucht gëtt fir Holz , Plastik Har, oder Material, dat deene gläicht, duerch Spéin ewechzeschruppen.
Raaspelen ginn ënnerdeelt no der Längt, dem Quierschnëtt, a wéi hir Zänn fabrizéiert goufen. Raaspele kënnen véier Forme vu Quierschnëtt hunn: flaachstompeg, hallefronn, ronn an de Modell "Kabinettraaspel", déi méi platt ass wéi déi hallefronn.
D'Raaspel besteet aus zwéin Deeler, dem "Raaspelkierper" an der spatzer "Aangel", déi an de Grëff geklappt gëtt.
Seeraaspele gi gebraucht fir am Holz ze schaffen. Se hunn de Virdeel, datt ofgeraaspelt Spéin net am Raaspelkierper hänkebleiwen.
Kuckt och [änneren]
| Commons: Files and rasps – Biller, Videoen oder Audiodateien |