Rackés Millen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Rackés Millen zu Äischer

D'Rackés Millen zu Äischer an der Gemeng Kiischpelt am Dall vun der Klierf ass déi eenzeg Waassermillen zu Lëtzebuerg, déi nach voll funktionéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Waassermillen, déi och nach Äischer Millen genannt gëtt, gouf 1334 fir d'éischt Kéier an Dokumenter ernimmt.

Dat haitegt dräistäckegt Millegebai gouf 1824 gebaut. Zanter 1919 war si am Besëtz vun der Famill Racké.

No zwou Renovatiounen, 1902 an 1932, gouf op hir bis 1954 Broutmiel hiergestallt a bis 1967 nëmmen nach mat Fuddermëttel do gehandelt.

Nom Zoumaache vun der Millen, huet den Här Willy Racké sech drëms bekëmmert, datt d'Mille funktiounsfäeg bliwwen ass.

2001 ass d'Mille schliisslech mat Hëllef vum Tourismusministère vun dem Syndicat d'initiative Munzen opkaf ginn. D'Millen ass restauréiert ginn an an de Programm vum Domaine touristique du cheval de trait ardennais Munshausen integréiert ginn.

Haut gëtt an der Millen nees gemuelen. Déi fréier Wunneng vum Mëller gouf an eng Vakanzewunneng transforméiert.

Technik[änneren | Quelltext änneren]

D'Waasserrad vun der Mille gëtt mat Waasserzoulaf vun ënnen ugedriwwen. Dobäi leeft d'Waasser an enger spezieller Féierung, déi dem Rad ugepasst ass a verhënnert, datt Waasser ënner a säitlech vun de Schauten offléisse kann, ouni d'Rad unzedreiwen.

Millefest[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2004 gëtt all Joer am August rondrëm d'Millen d'Millefest organiséiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • S.I. de la Commune de Munshausen asbl (2009, Herausgeber): 20 Joer Robbesscheier. - Munshausen; 54 - 65
  • Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 10. Die "Rackés Millen". S. 96-105, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Billergalerie[änneren | Quelltext änneren]