Radialvitesse

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'radial Vitesse (vum lat. radius »Staf«, »Speech«) ass an der Astronomie d'Vitessekomponent vun engem Himmelskierper a Richtung vun der Siichtlinn vum Observateur. D'Liicht vun engem Objet mat grousser radialer Vitesse ënnerläit dem Dopplereffekt, d. h., seng Wellelängt gëtt méi grouss bei Objeten, déi den Ofstand vergréisseren bzw. méi kleng bei deenen déi méi no kommen, wat sech a Rout- bzw. Bloverrécklung vum Liicht nidderschléit.

D'radial Vitesse vun engem Stär oder engem aneren liichtenden, fortzéienden Objet ka prezis gemooss ginn, andeems en héichopgeléiste Spektrum vun him opgeholl gëtt, an deem seng Spektrallinne mat deenen aus Laborversich bekannte Spektrallinnen verglach ginn. Déi doraus ermëttelt Rout- bzw. Bloverrécklung léisst sech direkt an eng Vitesse ëmrechnen. Et ass allerdéngs net méiglech, op dësem Wee d'Vitessekomponent senkrecht zu der Siichtlinn ze ermëttelen. Eng positiv radial Vitesse bedeit, datt den Objet sech ewech beweegt, eng negativ, datt et méi no kënnt.

Bei villen Duebelstäresystemer bewierkt d'Ëmlafbewegung vun de Stären eng fortwärend Verännerung vun hire radiale Vitessen. Doduerch ass et méiglech, och bei Systemer, déi am Teleskop net optesch opléisbar sinn, festzestellen, datt et sech ëm Duebelstären handelt. Si ginn dowéinst och spektroskopesch Duebelstäre genannt. Duerch genee Analys vun der Radialvitesse kënnen Ofschätzunge vu Stäremassen an e puer Bunnelementer, wéi Exzentrizitéit a grousser Hallefachs, virgeholl ginn. Déi selwecht Method gouf scho gemaach, fir onsiichtbar Planéiten ëm Stären nozeweisen.

Och d'Rotatiounsvitesse vu groussen astronomeschen Objete wéi Galaxien a Galaxiëkéip, loosse sech mat Hëllef vun ënnerschiddleche radiale Vitesse vum Material bestëmmen.

Beispiller fir radial Vitessen:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]