radio 100,7
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De radio 100,7 ass e lëtzebuergeschen ëffentlech-rechtleche Radiosender, deen den 19. September 1993 ënnert dem Numm honnert, 7 - de soziokulturelle radio fir d'éischt op Antenn gaangen ass. 2002 huet e säin Numm an de déi haiteg Form ëmgeännert.
Dëse Sender a Lëtzebuerger Sprooch, deen op Grond vum Mediegesetz vun 1991 méiglech gouf, dediéiert de gréissten Deel vu sengem Programm der Kultur an der Informatioun, mä awer och der Ënnerhalung a Form vun engem relativ breede Museksspektrum, bäi deem awer déi klassesch Musek kloer dominéiert.
Den 100,7 steet an enker Zesummenaarbecht mat nach aneren ëffentleche Radiossender an ass zënter 1997 Member vun der Unioun européenne de Radio-Télévision.
Seng Frequenz ass, nomen est omen, UKW 100,7.
De Radio 100,7 huet säi Sëtz an enger Villa an der Avenue Monterey an der Stad Lëtzebuerg.[1]
Säin éischten an zweete Sëtz waren am RTL-Gebai um Kierchbierg an duerno an engem Gebai an der Lonkecherstrooss (route de Longwy) zu Märel. 2012 soll den 100,7 an en neit Gebai an der Avenue Kennedy um Kierchbierg plënneren.[2]
Direkter ass zënter dem 15. August 2013 de Jean-Paul Hoffmann. Hien huet de Fernand Weides ersat, deen a Pensioun goung.[3] Presidentin vum Verwaltungsrot ass zënter 2013 d'Françoise Poos, bis 2012 war et de Pierre Gehlen.[4]
Kuckt och[änneren]
- Emissioune vum Radio 100,7
Um Spaweck[änneren]
Referenzen an Notten[änneren]
- ↑ Nieft der Synagog
- ↑ Josée Hansen, 2011. Déstabilisation à la radio 100,7. À l'usure. D'Lëtzebuerger Land vum 9. Dezember 2011, S. 5.
- ↑ "Jean-Paul Hoffmann neien Direkter vum Radio 100,7." RTL.lu - 07.06.2013, 12:18 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.06.2013, 13:47.
- ↑ "100,7: Françoise Poos nei Presidentin vum Verwaltungsrot." RTL.lu - 12.04.2013, 10:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.04.2013, 14:54