Radio Ara

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Radio ARA)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Sëtz vu Radio ARA an der Fleeschierstrooss

Radio Ara ass e Radiossender zu Lëtzebuerg, deen zënter dem 6. Dezember 1992 vum Atelier Radio Alter Echos op de Frequenzen 103,3 an 105,2 MHz ausgestraalt gëtt.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

De Virgängersender vum Radio Ara war de Radio Grénge Fluesfénkelchen, deen 1981 vun e puer lëtzebuergesche Veräiner an Eenzelpersounen gegrënnt gouf. Well zu där Zäit zu Lëtzebuerg d'Frequenzen nach net liberaliséiert waren huet de Sender vun Arel aus gesent. Déi éischt lëtzebuergesch Sendunge konnt ee mëttwochs owes vun 20:15 bis 22:30 héieren.

De 14. Mäerz 1986 huet de Sender Arel verlooss fir zu Lëtzebuerg de Sender RadAU ze grënnen. De Studio war deemools zu Zolwer. 1987 huet di lëtzebuergesch Regierung probéiert di illegal Senderen zouzemaachen (net nëmmen de Sender RadAU), wat awer net gelongen ass. Dowéinst huet d'Regierung am Joer 1992 de konträre Wee ageschloen an der Zeen vun de Piratesender d'Méiglechkeet gi legal ze senden, andeems se nei Radiosfrequenzen verginn huet. Schonn den 18. Mee krut de Radio ARA, deen aus dem Radio RadAU entstan ass, d'Lizenz fir ze Senden. Den 21. Juli 1992 krut en zwou vun de fënnef Frequenzen déi zur Dispositioun stoungen (103,3 an 102,2 MHz). Déi aner Frequenze krut de Radio Latina, den DNR an den Eldoradio zougedeelt.

Den Haaptsender vum Radio steet haut zu Lëtzebuerg um Kierchbierg op engem Héichhaus. Ausserdeem sinn nach e puer Relais-Statiounen iwwer d'Land verdeelt. De Studio ass an der Stad an der Fleeschierstrooss.

Den 22. September 2012 war an der Escher Kulturfabrik eng Gebuertsdagsfeier fir 20 Joer Radio Ara.[1]

Struktur [änneren]

Atelier Radio Alter Echos ass en Zesummeschloss vu ronn 20 alternativen Associatiounen, wéi der ASTM, dem Mouvement écologique, dem Folk-Clupp Lëtzebuerg, dem Jazz Club an Eenzelpersounen, dorënner de Robert Garcia.

Programm [änneren]

No senger eegener Definitioun bitt Radio Ara en alternativen, multikulturellen a participative Radiosprogramm a verschidde Sproochen.

Am Joer 2000 gouf en anglophone Mueresprogramm ënnert dem Numm ARACityradio agefouert.

Zënter 1992 huet d'Associatioun Graffiti d'Charge fir de Jugendprogramm wiertes nomëttes. Säit 2004 gëtt et eng Konventioun mam Familljeministère, déi et Graffiti erlaabt huet, zwou Sozialpedagoginnen anzestellen, déi déi Jugendlech betreien.[2]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]