RTL Radio Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Radio Lëtzebuerg)
RTL Radio Lëtzebuerg
Typ S.A.
Grënnungsdatum 19. Oktober 1959
Sëtz CLT-UFA S.A. RTL Group
43, boulevard Pierre Frieden,
L-1543 Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Leedung Christophe Goossens
Branche Medien
Homepage https://www.rtl.lu/radio


RTL Radio Lëtzebuerg ass e Radiossender zu Lëtzebuerg. Et ass deen eelsten a war bis 1992 deen eenzege Sender op Lëtzebuergesch. En ass iwwer UKW 88,9 MHz an 92,5 MHz z'empfänken a gëtt och iwwer Kabel, Internet an, zanter dem September 2009, iwwer Astra 1G (23,5° Ost), verbreet. Bedriwwe gëtt e vun der RTL Group.

Radio Lëtzebuerg, wéi en deemools housch, goung den 19. Oktober 1959, mëttes um 12 Auer, eng éischt Kéier op UKW am Kanal 18 op Sendung. Ufanks waren d'Programmer just vun 12.00 bis 14.00 a vun 18.30 bis 22.00 Auer. Sonndes gouf vu moies 10 bis owes 10 gesent. Wa keng Emissioune waren, ass deen däitschen oder englesche Radiosprogramm vun RTL op där Frequenz ausgestraalt ginn. No an no goufen d'Zäite, wou Radio Lëtzebuerg ze héiere war, ausgebaut; fir d'éischt koum e Moiesprogramm (vu 7.00 bi 9.00) dobäi, dëse gouf méi spéit bis mëttes riicht duerch verlängert, an an den 1980er Jore sinn och nomëttes Emissioune gemaach ginn. Zanter 1986 gëtt de Programm a Stereotoun ausgestraalt, zanter 1996 24/24 Stonnen.

An den 1980-1990er Joren huet de Radio och RTL 92.5 geheescht.

RTL Radio Lëtzebuerg ass deen am meeschte gelauschterten am Land. Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2018.II no lauschteren all Dag 178.300 Leit iwwer 12 Joer RTL Radio Lëtzebuerg. Dat entsprécht 34 % vun der Gesamtbevëlkerung.[1]

De Christophe Goossens ass zënter Januar 2017 Generaldirekter[2], an der Nofolleg vum Alain Berwick[3]. De Roy Grotz ass zënter Januar 2017 u Chefredakter, als Nofollger vum Guy Kaiser, deen an d'Pensioun goung.[4]

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Direktioun[änneren | Quelltext änneren]

Generaldirektor :

  • Christophe Goossens[5]

Content Director & Deputy CEO :

  • Steve Schmit

Directeur de l'information :

  • Guy Weber

Directeur Audio :

  • David Gloesener

Emissiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Wochen- a Weekendprogramm (zanter September 2022):

Méindes bis freides:

  • 06:00 – 10:00: Den RTL Wecker mam Michelle Reiter & Dan Spogen: Trafic, Noriichten, aktuell Theemen, vill Spaass a virun allem gutt Laun. Vu 6 Auer un begleet dësen agespillten Duo Iech duerch de Moiesprogramm.
  • 07:00 – 08:00: Eng Stonn Informatioun, dat sinn Noriichten an Informatiounen aus Lëtzebuerg an aller Welt.
  • 10:00 – 13:00: De Virmëtteg mam Bob Konsbruck: De Bob ënnerhält Iech vum spéide Moien u bis an d'Mëttespaus mat aktuellen Theemen, Diskussiounen a Musek.
  • 13:00 – 17:00: De Nomëtten mam Laurent Gillander a mam Tom Nols: Aktuell Theemen, Musek a villes méi: de Laurent an den Tom suerge fir gutt Stëmmung op der Antenn.
  • 17:00 – 19:00: De Feierowend mam Gerard Floener oder GIbbes Bertolo: Vun Trafic-Informatioune bis Eventer: alles, wat ee wësse muss, fir gutt an de Feierowend ze starten.

Samschdes  

  • 06:00 – 10:00: Den RTL Wecker mam Loïc Juchem oder mam Coryse Ludowicy: Trafic, Noriichten, aktuell Theemen, vill Spaass a gutt Laun stinn de Weekend um Programm.
  • 10:30 – 12:00: D'RTL Wuertspill mam Marie Gales oder Raoul Roos
  • 12:00 – 13:00: RTL Background, hei ginn aktuell Theemen an enger Diskussiounsronn ënnert d'Lupp geholl
  • 13:00 – 19:00: Den Nomëtten um Samschden mam Sebastien Gudenburg: Trafic, Noriichten, aktuell Theemen, vill Spaass a gutt Laun stinn de Weekend um Programm

Sonndes

  • 08:00 – 09:00: Den RTL Wecker mam Gibbes Bertolo
  • 09:00 – 11:00: De Sonndes-Duell mam Gibbes Bertolo : de Gibbes animéiert 10 musikalesch Dueller aus alle Genren a Joerzéngten.
  • 11:00 – 12:00: De Presseclub / 5 vir 12: De Presseclub: Vertrieder vun der geschriwwener Press diskutéieren iwwert d'Aktualitéit vun der vergaangener Woch. 5 vir 12: Eng flott Talk-Ronn mat engem anere Wocheréckbléck.
  • 12:00 – 13:00: D'Mëttesstonn mam Gibbes Bertolo
  • 13:00 – 17:00: Den Nomëtten mam Loïc Juchem
  • 17:00 – 20:00: Sport-Emissioun um Sonndeg mam Jeff Kettenmeyer, Franky Hippert oder Rich Simon: Live-Schaltungen a Sporteventer vum Weekend

Noriichte ginn all hallef Stonn gesent. Vun 19.00 Auer un ass Nonstop-Musek ugesot (ausser besonnesch Evenementer oder Sport Live-Schaltungen).

Moderatoren[änneren | Quelltext änneren]

  • Bob Konsbrück, RTL Feierowend
  • Coryse Ludowicy, RTL Virmëttesprogramm
  • Dan Spogen, RTL Wecker
  • Franky Hippert, Sport-Emissioun
  • Gilbert Bertolo, De Sonndes-Duell
  • Jeff Kettenmeyer, Sport-Emissioun
  • Laurent Gillander, De freie Moien op RTL
  • Marie Gales, Reportage
  • Michèle Schons, Reportage
  • Michelle Reiter, RTL Wecker
  • Rich Simon, Sport-Emissioun
  • Tom Nols, RTL Nomëttesprogramm
  • Loïc Juchem ‚,Samschden an Sonnden Nomëtten‘‘

Journalisten[änneren | Quelltext änneren]

  • Roy Grotz, Chefredakter
  • Annick Goerens
  • Carine Lemmer
  • Claude Zeimetz
  • Claudia Kollwelter
  • Dany Rasqué
  • Fanny Kinsch
  • François Aulner
  • Jean-Marc Sturm
  • Joel Detaille
  • Maxime Gillen
  • Monica Camposeo
  • Monique Kater
  • Pit Everling
  • Sascha Georges
  • Tim Morizet

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Etude TNS ILRES PLURIMEDIA LUXEMBOURG 2018.II
  2. "Alain Rousseau tritt als Chefredakteur zurück." 25. Januar 2017 um 21:27.
  3. "Alain Berwick (RTL) tire sa révérence." paperjam.lu, 2. Dezember 2016.
  4. "RTL Radio: Roy Grotz succède à Guy Kaiser." paperjam.lu, 09.01.2016.
  5. Christophe Goossens appointed CEO of RTL Luxembourg. 13.01.2017, Luxembourg, RTL Luxembourg