Radio Locale Réiserbann-Betebuerg

Vu Wikipedia

D'RADIO LOCALE REISERBANN-BETEBUERG (LRB), A.s.b.l. bedreift zu Peppeng e Lokalradio, kuerz LRB genannt, deen e jonke Public vun 12-30 Joer aus de Gemenge Réiser a Beetebuerg cibléiert. D'Sendegebitt (Frequenz 103,9 FM) erstreckt sech awer iwwer de ganze Süde vu Lëtzebuerg bis erop an d'Stad nach mat. Gesent gëtt mat enger Leeschtung vun 100 Watt.

Den LRB ass den 1. August 1993 fir d'éischt offiziell op Sendung gaangen, deemools nach mam Studio zu Beetebuerg. Dowéinst gëtt dacks fälschlecherweis gemengt, d'Ofkierzung "LRB" stéing fir "Lokal-Radio-Beetebuerg". Sechs Joer no der Grënnung, de 17. September 1999, ass de klenge Lokalsender an déi aktuell Studioen op Peppeng geplënnert.

Gesent gëtt déi ganzen Zäit ouni Ënnerbriechung, mä just eng 50 Stonnen d'Woch si vu fräiwëllege Radiosanimateure begleet, de Rescht vum Programm besteet aus engem vu Musekredakteren am viraus zesummegesaten Nonstop-Mix. De Sender deckt e Gebitt mat 300.000 Awunner of, vun deenen eng 15.000-17.000 als Stammnolauschterer bezeechent kënne ginn. An der Moyenne gëtt en effektive Public vun 3.000-3.500 Persounen d'Stonn erreecht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]