Radio Luxemburg (Die vier fröhlichen Wellen)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

RTL-Radio Luxemburg (Die vier fröhlichen Wellen) ass e lëtzebuergesche kommerzielle Radiossender an däitscher Sprooch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vu Radio Lëtzebuerg fänkt am Joer 1931 un, wéi vu franséische Geschäftsleit d'Compagnie Luxembourgeoise de Radiodiffusion gegrënnt gouf. An deem Joer gouf ee fir déi Zäit staarke Laangwellesender opgebaut. 1933 gouf mat der Ausstralung vun engem Programm fir Frankräich, deen duerch Publicitéit finanzéiert gouf, ugefaangen.

Am Ufank vum Zweete Weltkrich goufen d'Sendungen agestallt. No der Besetzung vu Lëtzebuerg duerch déi däitsch Truppe gouf de Sender an de Großdeutsche Rundfunk abezunn. An de leschte Krichsméint goufen d'Sendeinstallatioune fir eng kuerz Zäit fir d'Stëmm vun Amerika a fir de Geheimsender 1212 gebraucht. Dësen huet sech als Sender vun der däitscher Oppositioun ausginn an huet seng Programmer haaptsächlech op d'Bevëlkerung vum Ruhrgebitt ausgeriicht.

1950er- bis an 1990er-Joren[änneren | Quelltext änneren]

Deen an den 1950er- an 1960er-Jore ganz populären däitsche Programm vun RTL-Radio Lëtzebuerg gouf de 15. Juli 1957 gestart.

E gouf op der Mëttelwellefrequenz 208 m/1439 kHz (méi spéit 1440 kHz) an op der Kuerzwellefrequenz 6090 kHz am 49-m-Band iwwerdroen. Fir d'éischt huet d'Sendung nëmmen eng Stonn gedauert, si gouf awer schonn no dräi Méint op véier Stonne verlängert.

Vun 1964 un ass den däitsche Programm vun RTL-Radio Lëtzebuerg och iwwer UKW vu 6:00 bis 24:00 Auer ausgestraalt ginn.

Pionéier vum däitsche Programm[änneren | Quelltext änneren]

Well dësen däitsche Programm manner konservativ wéi déi normal Radiosprogrammer war, gouf en an Däitschland, do wou en empfaange gouf, séier beléift, wéinst sengem Stil an der Klass vu senge Moderatoren. Dat waren deemools ënner aneren: Pierre Nilles, Lou van Bourg, Désirée Nosbusch, Camillo Felgen, Frank Elstner, Jochen Pützenbacher, Viktor Worms) a sonndes d'„Hitparade“ (ë. a. moderéiert vum Camillo Felgen, Frank Elstner, Oliver Spiecker, Thomas Gottschalk, Jörg Ebner). Als Pionéier vun deem Programm war iwwregens och vu Februar 1965 bis September 1966 den international bekannte Televisiounsmoderator Dieter Thomas Heck bedeelegt.

Vun 1969 bis 1972 huet de Sender all Joer och de Grand Prix RTL International, e Museksconcours, dee mam Grand Prix Eurovision verglach konnt ginn, organiséiert.

RTL Radio haut[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem de Sender tëscht 1992 an 2002 zu engem Oldiessender mutéiert war, ass d'Konzept 2002 mat dem RTL Radio Deutschland erëm zu engem Sender gewiesselt, deen am Ënnertitel "Die besten Hits aller Zeiten" versprécht. Zanter dem 1. Dezember 2008 am 23. dezember 2013 gëtt, iwwer d'UKW–Frequenzen 93,3 an 97,0, mat RTL Radio Luxemburg (net zu verwiesselen mat RTL Radio Lëtzebuerg) och en däitschsproochege Regional-Programm fir Lëtzebuerg an d'Groussregioun gesent.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schwaegerl, Tony: Die fröhlichen Wellen - Das Buch von Radio Luxemburg, 1963, Copress-Verlag München

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]