Radioastronomie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
70-m-Radioteleskop um Goldstone-Observatoire, Kalifornien.

D'Radioastronomie ass en Deelgebitt vun der Astronomie. Hei ginn d'Himmelskierper mat Hëllef vu Radiowellen, observéiert an ënnersicht.

Kosmesch Radioastronomie[änneren | Quelltext änneren]

Duerch déi grouss Distanz vun den astronomeschen Objeten, de Radioquellen, sinn d'Radiowelle ganz schwaach. Dofir versicht een an der Radioastronomie d'Radiowelle mat groussen Antennen (Bauarten wéi z. B. Yagi-, Rumm-, Helix- a Parabolantennen) zesummenzefaassen. D'Radiowelle gi vun empfindleche Verstäerker verstäerkt an uschléissend elektronesch gespäichert an ausgewäert.

Ee bestëmmte Miesswert gëtt un, mat wéi enger Intensitéit d'Radiowellen aus der Richtung antreffen, op déi d'Radioteleskop geriicht ass. Ee "Bléck" duerch e Radioteleskop ergëtt also nach kee Radiobild, mä nëmmen een eenzege Radiobildpunkt.

Well d'Wellelängt vun de Radiowelle méi grouss ass wéi d'Wellelängt vum siichtbare Liicht, ass d'Wénkelopléisung vun engem Radioteleskop méi kleng wéi déi vun engem opteschen Teleskop. Dat huet zur Folleg, datt een aus ville Miessungen zesummegesatend Radioteleskopbild manner schaarf ass wéi e Bild vum gläichen Objet, dat mat vsuellem Liicht opgeholl gouf. Et existéieren awer Methoden, fir héichopléisend Radiobiller vu risegen astronomeschen Objeten ze kréien. Sou kënne beispillsweis e puer Radioteleskope zu engem Interferometer zesummegeschalt ginn, datt si wéi een eenzege Radioteleskop wierken, wou den Antennenduerchmiesser der Distanz vun deenen eenzelnen Anlage vuneneen entsprécht. Well d'Opléisung vum Duerchmiesser vun der Antenn ofhängt, kritt een sou méi schaarf Biller.

Well Radiowellen net vill vun intergalakteschem Stëbs- an Niwwelwolleken absorbéiert ginn, a well d'Mass vun de galakteschen Himmelskierper nëmme schwaach Radioquellen duerstellen, kann een iwwer Radiowelle Beräicher wéi zum Beispill den Zentrum vun der Mëllechstrooss oder Zwerggalaxien hanner der galaktescher Scheif erfuerschen, déi fir optesch oder Infrarout-Observatioune verstoppt bleiwen.

Am Radiowelleberäich leien e puer vun deene wichtegste spektrale Linne vun der Astronomie, ënner anerem d'HI-Linn (21-cm-Linn, 1420,4058 MHz), déi vun neutrale Waasserstoffatomen emittéiert gëtt.

Mat der Radioastronomie ginn ënner anerem folgend Radioquellen ënnersicht:

D'Technik vun der Radioastronomie gëtt och gebraucht fir d'Sich no ausserierdeschen Intelligenzen (SETI).

De Karl Guthe Jansky hat 1931 déi éischt Radioquell baussenzeg vun eisem Sonnesystem entdeckt, an zwar am galakteschen Zentrum vun eiser Mëllechstrooss. Him zu Éiere gouf déi an der Radioastronomie gebraucht Eenheet de Jansky agefouert.

Solar Radioastronomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Sonn ass net nëmmen e Straler fir Liicht am optesche Beräich. Hiren elektromagnéitesche Spektrum ëmfaasst villméi ee grousse Wellelängteberäich an en Deel vum Spektrum mécht d'Radiostralung. An der Institutioun vum Astrophysikaleschen Institut Potsdam (AIP), ginn déi vun der Sonn ofgestraalte Radiowellen opgefaangen, opgezeechent an analyséiert. Eng Iwwersiicht vun den Daten ka jiddweree Live am Internet nokucken.

Bedeitend Radioobservatoiren[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bernard F.Burke, Francis Graham-Smith: An introduction to radio astronomy. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2010. ISBN 978-0-521-87808-1
  • Kristen Rohlfs, T. L. Wilson u.a.: Tools of radio astronomy. Springer, Berlin 2009. ISBN 3-540-85121-6
  • A. R. Taylor: Radio emission from the stars and the sun. Astronomical Soc. of the Pacific, San Francisco 1996. ISBN 1-886733-14-7
  • James S. Hey: The radio universe. Pergamon Pr., Oxford 1971, ISBN 0-08-015741-6; deutsch: Das Radiouniversum - Einführung in die Radioastronomie. Verl. Chemie, Weinheim 1974, ISBN 3-527-25563-X.
  • Peter Lay: Signale aus dem Weltraum - Einfache Experimente zum Empfang ausserirdischer Radiosignale. Franzis, Poing 2001. ISBN 3-7723-5925-6
  • Jim Cohen, (et al.):CRAF Handbook for Radio Astronomy Third edition – 2005 (pdf, 173 S., abgerufen 20.Oktober 2009)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Radioastronomie – Biller, Videoen oder Audiodateien