Radioteleskop Effelsberg
De Radioteleskop Effelsberg steet an den Ahrbierger an Nordrhein-Westfalen (Däitschland).
Geographie [änneren]
De Radioteleskop ass am Krees Euskirchen, am Dall vun der Effelsberger Baach, ronn 1 km nordëstlech vun Effelsberg. Do steet en op 315 m Héicht westlech vum Hühnerberg. D'Fëllementer, mat dem Bëtongswierk dat den Teleskop dréit,sinn déif am Fiels verankert. Den Teleskop dréint am horizontale Plang op enger Schinn déi en Duerchmiesser vu 64 Meter huet, an 319 Meter iwwer NN läit. D'Konstruktion, déi de Reflekter dréit, ass 50 Meter héich.
Iwwer en 13 km laange Spadséierwee de Radioteleskopwanderweg kënnt ee vum Zentrum vu Bad-Münstereifel, mat Depart bei der Jesuitekierch, zu Fouss op d'Parkplaz beim Teleskop. Vun do un ass en 800 Meter laange Léierpad ugeluecht, de Planetenwanderweg, mat Informatiounsschëlter iwwer d'Planéiten an iwwer eis Sonn. D'Enn vum Wee ass beim Modell vun eiser Sonn beim Informatiounshaische vum Radioteleskop.
Den Teleskop [änneren]
Den 100-Meter-Radioteleskop gehéiert zum Max-Planck-Institut fir Radioastronomie vu Bonn. E gouf tëschent 1968 an '71 gebaut an den 1. August 1972 a Betrib geholl. Knapps 30 Joer laang war et dee gréisste Radioteleskop vun der Welt, dee sech horizontal, 12 Bouminutten, a vertikal 6 Bouminutten ëm seng Achs beweege kann, bis am Joer 2000 de Green-Bank-Teleskop mat enger Reflekterfläch vu 7.854 m² zu Green Bank, West Virginia (USA) a Betrib geholl gouf.
| Mass: | 3200 Tonnen |
| Uewerfläch: | 7.850 m² |
| Fëllementduerchmiesser: | 64 m |
| Parabolantennenduerchmiesser: | 100 m |
| Brennwäit: | 30 m |
| Uewerflächegenauegkeet: | <0,5 mm |
| Wénkelopléisung: | >10" |
| Wellelängt: | 3,5 mm bis 900 mm |
| Horizontaldréiung: | 12 Bouminutten/360° |
| Vertikaldréiung: | 6 Bouminutten/90° |
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Radiotelescope Effelsberg – Biller, Videoen oder Audiodateien |