Radolfzeller Aach

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Quell vun der Radolzeller Aach

D'Radolfzeller Aach (och nach Radolfzer- an Hegauer Aach genannt) ass en 32 km lange, rietsen Niewefloss vum Rhäin a Baden-Württemberg am Süde vun Däitschland.

De Laf vum Floss [änneren]

De Floss entspréngt zu Aach op 475 m i. NN an dem sougenannten Aachtopf, der gréisster Quell an Däitschland. Duerno leeft d'Aach duerch den Hegau, mat ville Naturschutzgebidder, ënner anerem d'Radolfzeller Aachried an Aachmëndung.

Am Ufank leeft se no Süden bis op Singen, wou se dann no Osten dréint fir tëscht Radolfzell am Bodensse a Moos an den nordwestlechen Deel vum Untersee ze lafen. Si huet op der Mëndung eng Offlossquantitéit vun 10 Km³ an der Sekonn (Moyenne).

Wou hëlt se d'Waasser hier ? [änneren]

D'Radolfzeller Aach kritt hiert Waasser aus engem Gebitt dat ronn 261 km² grouss ass.

Wann een d'Quell, déi näischt anescht ass wéi den ënnerierdeschen Offloss vun der Donauversickerung, mat derbäi rechent kënnt e bei Vollversickerungsdeeg op 1.560 km².

De Millewier direkt hanner dem Aachtopf

Hydrologie [änneren]

Fréier gouf d'Kraaft vun der Baach déi ganz vill Waasser huet a séier leeft, benotzt fir e ganze Koup Millen unzedreiwen. Hautdesdaags stinn och nach en etlech Waasserkraaftwierker op hiren Uwänneren. An der Lescht goufen en etlech Renaturéierungen um Laf vum Floss realiséiert z.B e Sedimentfank zu Beuren an der Aach.

Uertschafte laanscht de Floss [änneren]

Volkertshausen, Beuren an der Aach, Hausen an der Aach, Singen, Rielasingen-Worblingen a Radolfzell am Bodensee.

Nieweflëss vum Bodensee

Aach | Argen | Bregenzer Ache | Dornbirner Ache | Leiblach | Linzer Aach | Radolfzeller Aach | Rotach | Schussen | Steinach

Kuckt och: Bodensee | Rhäin | Flëss an Däitschland