Rahm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mëllechzentrifug "vu fréier" am Musée ënner fräiem Himmel "Neuhausen ob Eck" zu Tuttlingen a Baden-Württemberg
D'Rahm oder de Schmant ass deen Deel vun der Mëllech deen am meeschte Fett huet, an dee wann een d'Mëllech stoe léisst, sech uewen drop sammelt.
D'Rahm kann duerch d'Afscheffen oder mat Hëllef vun enger Mëllechzentrifug aus der Mëllech geholl ginn. De Prinzip dobäi ass deeselwechten, hir Trennung vun de moeren Deeler vun der Mëllech geschitt duerch déi verschidde spezifesch Gewiichter.
D'Rahm kann duerno a verschiddene Variétéite verschafft ginn:
- Frësch Rahm (crème fraîche)
- Sauer Rahm (crème épaisse)
- Liicht sauer Rahm (crème fraîche acidulée)
- D'Rahm ass och d'Basisprodukt vu ville Kéiszorten, vum Botter, a fir Schlagsahn ze maachen.
Fir ze verhënneren, datt d'Rahm sech op der Mëllech ofsetzt, gëtt déi an de Molkereien homogenisiéiert.
Beim Kachen huet d'Rahm de Virdeel op d'Mëllech datt se net gären iwwerkaacht, an och net esou séier wéi d'Mëllech ubrennt.
| Commons: Rahm – Biller, Videoen oder Audiodateien |