Rajiv Gandhi

Vu Wikipedia
Rajiv Gandhi
Gebuer 20. August 1944
Mumbai
Gestuerwen 21. Mee 1991
Doudesursaach Explosioun
Nationalitéit Indien, Brittesch-Indien
Educatioun Trinity College,
Imperial College London,
Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Politiker
Partei Indeschen Nationalkongress
Famill
Bestuet mat Sonia Gandhi
Papp Feroze Gandhi
Mamm Indira Gandhi
Geschwëster Sanjay Gandhi

De Rajiv Gandhi (Hindi: राजीव गाँधी), gebuer den 20. August 1944 zu Bombay, haut Mumbai, a gestuerwen den 21. Mee 1991 zu Sriperumbudur, Tamil Nadu, war en indesche Politiker. Hie war vun 1984 bis 1989 Premierminister vun Indien. Grad wéi seng Mamm Indira Gandhi, déi vun 1966 bis 1977 a vun 1980 bis 1984 Premierministesch war, ass hien duerch en Attentat ëm d'Liewe komm.

De Rajiv Gandhi ass an England um Imperial College London an d'Schoul gaangen. Duerno huet hien eng Ausbildung als Pilot gemaach an huet du bei der Indian Airlines geschafft. Wéi säi klenge Brudder Sanjay bei engem Accident gestuerwen ass, ass de Rajiv a senger Plaz politesch aktiv ginn. 1983 gouf e vu senger Mamm zum Generalsekretär vun der Kongresspartei ernannt. Hien huet bannent der Partei eng ganz Rëtsch Reformen, ë. a. fir d'Korruptioun ze bekämpfen, duerchgesat.

Nom Attentat op seng Mamm 1984 gouf hien zum Premierminister ernannt, a seng Partei gouf zwéi Méint drop bei de Parlamentswalen, wou se vill Sëtz gewonnen huet (401 vu 506), confirméiert. Hie gouf doropshin och President vun der Kongresspartei.

A senger Amtszäit koum et zu deenen éischte Friddensgespréicher mat Pakistan an engem Versuch, sech mat de Rebellen op Sri Lanka eens ze ginn. Hien huet e liberale Stil duerchgezunn, a war allgemeng am Ausland beléift.

Well e seng Walverspriechen net konnt anhalen, ma och well e beim einfache Vollek schlecht ukomm ass, a wéinst engem Korruptiounsskandal a senger Partei, huet hien d'Walen 1989 verluer. Hie blouf awer Parteipresident an huet eng Zäitchen de Premierminister Chandra Shekhar ënnerstëtzt, deen eng Minoritéitsregierung geleet huet.

Den 21. Mee 1991 gouf hie vun enger Attentäterin, déi sech selwer an d'Luucht gesprengt huet, an déi enger tamilescher Befreiungsfront zougerechent gouf, zesumme mat 16 anere Leit, déi ronderëm stoungen, ëmbruecht.

De Rajiv Gandhi war mat der Sonia Gandhi bestuet, déi sech méi spéit no sengem Doud och politesch engagéiert huet.

De Fluchhafe vun Hyderabad(Andhra Pradesh) gouf 2008 nom Rajiv Gandhi genannt.

Och den héchsten indeschen Nationalpräis fir Sportler dréit säin Numm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rajiv Gandhi – Biller, Videoen oder Audiodateien