Rakéit

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Start der Saturn V mat Apollo 8 un der Spëtzt
Start vum Space Shuttle Atlantis
Sojus-FG mat bemanntem Raumschëff Sojus TMA-5

Eng Rakéit (vun der italienescher Sprooch rocchettaSpëndel“) ass e Fluchkierper mat Réckstoussundriff (Rakéitenundriff), dee vu senger Ëmgéigend onofhängeg ass an dofir och am lofteidele Raum d'Vitesse vergréissere kann. Rakéiten, déi eng grouss Eegesteierung hunn an z. B. bewegleche Ziele noginn, ginn och als Lenkfluchkierper bezeechent. Am Géigesaz zu Geschëss hu Rakéiten laang Vitessephasen. Wéinst der doduerch däitlech wéineg staarker Belaschtungen kann d'Struktur vun der Rakéit liicht gehale ginn.

Bei Rakéiten reechen d'Gréisstenuerdnungen vu Feierwierksrakéiten bis hin zu der riseger Energija oder der Saturn V, déi am Apollo-Programm – déi beim bemannten Fluch op den Äerdmound – agesat gouf.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

Deen éischten iwwerliwwerte Rakéitestart huet am Joer 1232 am Keeserräich China stattfonnt. Am Krich géint d'Mongolen hunn d'Chinesen an der Schluecht vu Kaifeng eng Aart Rakéit agesat: Dobäi hu si eng Villzuel vun einfacher, mat Schwaarzpolfer ugedriwwener Geschëss op d'Ugräifer ofgeschoss. D'Rakéite sollten wéineger de Géigner verletzen, awer déi feindlech Päerd erféieren. An Europa war deen éischten dokumentéierte Start vun enger Rakéit am Joer 1555 am siewebürgeschen Hermannstadt. De Fluchkierper hat schonns en Dräi-Stufen-Undriwssystem.

1804 stellt den Englänner William Congreve mat der vun him entwéckelter a spéider no him benannte Rakéitewaff, eng Aart Brandrakéit, éischt gréisser Versich un; d'Waff gouf 1806 bei Boulogne, 1807 beim Bombardement vu Kopenhagen, 1809 beim Ugrëff op déi franséisch Flott bei Île d’Aix an bei der Beschéissung vu Vlissingen an 1813/1814 viru Glückstadt agesat. Während der Befreiungskricher schéckten d'Englänner hire Verbündeten Rakéitebatterien, déi 1813 bei den Belagerungen vu Wittenberg an Danzeg souwéi an der Volleksschlacht beim Leipzig zum Einsatz kamen. Congreve's Raketen wurdern ferner im Krich vun 1812 géint d'Amerikaner agesat.

No geneeëm Studium vun den engleschen Rakéitewaffen huet den éisterräischeche Freiherr Vincenz von Augustin dës nei Waff fir d'éisterräichesch Arméi agefouert. Den Augustin war vun 1814 Chef vun de Krichs-Rakéiten-Anstalt an hat als Kommandant bis 1838 dat an der éisterräichescher Artillerie neieriichte Rakéitekorps (Feierwierkskorps) an der Wiener Neustadt ënnert sech.

  • 1926 test den Robert Goddard an den USA erfollegräich seng selwer entwéckelt Rakéit mat Flëssegdreiwstoff.
  • 1927 Bei Opel fänkt d'Rakéitefuerschung mat engem eegens konstruéierten Préifstand fir d'Miessung vun der Schubkraaft vun de Rakéiten. Och de Max Valier an den Friedrich Wilhelm Sander sinn derbäi.
  • 1928 Den 11. Abrëll steiert de Kurt C. Volkhart dat éischt Resultat vun der Opel-Fuerschung op der Wierksrennbunn: Et ass e Rakéitenauto mam Numm RAK1.
  • 1929 De Fritz von Opel absolvéiert am September op dem Frankfurt-Rebstock de wuel éischte bemannte Rakéitefluch vun der Welt. Hie war mat dem Opel-Sander RAK 1-Fliger 150 km/h séier.
  • 1935 goufen an der Sowjetunioun d'Rakéite GIRD-09 a GIRD-X gestart. Béid Rakéiten goufen vun der GIRD (Grupp fir d'Studium vu réckstoussgedriwwe Bewegung), enger Ënnerorganisatioun vun der OSSOAWIACHIM, entwéckelt.
  • 1942 start déi éischt gesteiert a fluchstabiliséiert Groussrakéit, dat däitscht Aggregat 4, zu Peenemünde an domat fänkt d'Benotze vu Rakéiten als Massevernichtungswaff un.
  • 1945 féiert de Lothar Sieber den éischte bemannte senkrechte Rakéitestart duerch, mat enger Ba 349 Natter. Hie stierzt déitlech of.

Kuckt och: Geschicht vun der Raumfaart

Opbau [änneren]

All Rakéit besteet aus dëse Baugruppen:

D'Baugruppen ginn duerch de Mantel zesummegehalen. Dobäi kënnen eenzel Baugruppen och méi dacks virkommen (Méistuferakéit).

Dreifwierk [änneren]

Fir eegestartfäheg Fluchkierper ginn wéinst dem héijen Vitessegebrauch chemesch Rakéitedreifwierker gebraucht. Schonns erproufte Kärenergie-Rakéitendreifwierker goufen aus Sécherheets- an Ëmweltschutzgrënn net agesat. Elektresch Rakéitendreifwierker funktionéieren nëmmen am Vakuum a ginn nëmmen fir schonns gestarte Raumsonden an Satelliten gebraucht (Ionenundriff).

Steier an Lenkariichtungen [änneren]

Ongelenkte Rakéiten [änneren]

Ongelenkte Rakéiten ginn duerch den Ofschosswénkel ausgeriicht an während dem Fluch nëmmen aerodynamesch stabiliséiert. Dëst geschitt duerch Drall, engem Stabiliséierungsstaf oder duerch Leetwierker, woubäi och Leetwierket een Drall maache kënnen. D'Leetwierker sinn dobäi ëmmer um ënneschten Enn vun der Rakéit, hannert dem Schwéierpunkt.

Beispiller [änneren]

Gesteiert Rakéiten [änneren]

Gesteiert Rakéiten ënnerleien während dem Fluch enger Kursiwwerwaachung an hunn d'Méiglechkeet, de Kurs ze korrigéieren. Dobäi kann d'Kurskorrektioun autonom oder duerch eng wéi och ëmmer eegen Leetstatioun geschéien.

D'Kurskorrektioun gëtt meeschtens duerch e Raumlag iwwerwaachend Kreeselsystem ageleet, och inertiales Navigatiounssystem genannt. Et gëtt haut z. B. duerch GPS-Steierung ergänzt. Dëst kann duerch folgend Steierglidder geschéien:

  • Leetwierker wierken op d'Loft ronderëm a kënnen domat bei Flich an der Atmosphär och no Brennenn benotzt ginn.
  • Stralruder wierken direkt am ausgestoussenen Gasstroum.
  • Schwenkbar Expansiounsdüsen, oder gas-dynamic-steering.
  • Steierdriffwierker, déi säitlech vun der Längsachs wierken.

Am militäresche Beräich ginn gesteiert Rakéiten als Fluchkierper bezeechent.

Beispiller [änneren]

Rakéitemantel [änneren]

De Mantel vun de Rakéiten muss wéinst dem Dreifstoff an der Notzlaascht méiglechst liicht sinn. Fir wéineg Offall matzeféieren gëtt nëmmen eng gewëssen Dreifstoffmengt matgefouert. Dofir gi bei gréissere Rakéiten, méistufeg Rakéite gebaut, d.h. no Brennenn vun enger Stuf gëtt dës ofgetrennt an déi nächst Stuf gëtt gezünd. D'Oftrennung geschitt meeschtens duerch Ofsprengen (Pyrobolzen), kann awer och duwrch Zündung vun der nächster Stuf geschéien.

Fir Flich an der Atmosphär muss de Mantel aerodynamesch gebaut sinn, weider kann et zu thermesche Belaschtungen duerch Loftreiwung kommen.

Bei verschidde Rakéiten, wéi der amerikanescher Atlas-Rakéit, gëtt de Mantel duerch een Iwwerdrock an der Rakéit gehalen.

Dro- an Héichtefuerschungsrakéiten [änneren]

Rakéitenaccidenter [änneren]

Obschonns et bei der Entwécklung an Erprouwung vun de Rakéiten vill Explosiounen gouf, waren et awer nëmme wéinwg Accidenter mat Persouneschued, well an der Regel streng op Sécherheet gekuckt ginn ass.

Déidlech Rakéitenaccidenter mat Affer um Buedem [änneren]

Datum Onglécksplaz Zuel vun Doudeger Aart vun Accident
17. Mee 1930 Berlin, Däitschland 1 Max Valier stierft bei enger Brennkummerexplosioun.
10. Oktober 1933 Däitschland 3 Explosioun an der Wierkstat vum Reinhold Tiling.
16. Juli 1934 Kummersdorf, Däitschland 3 Driffwierksexplosioun bei Buedemtest.
1944 ? Tucheler Heide, Polen  ? Bei engem Versuchsstart stierzt eng A4-Rakéit an e Schützengruew, an deem sech Persounen befannen – etlech Doudeger.
28. August 1944 KZ-Niewelager Redl-Zipf 24 Explosioun vun engem A4-Versuchsdriffwierk op dem Rakéitepréifstand „Schlier“. Ënnert den Doudegen ass och d'Rakéitentechnikerin Ilse Oberth, d'Meedche vum Hermann Oberth.
24. Oktober 1960 Baikonur, Kasachstan iwwer 126 Explosioun vun enger R-16 op der Startramp.
14. Abrëll 1964 Cape Canaveral, USA 3 Rakéit zünd am Montageraum.
7. Mee 1964 Braunlage, Däitschland 3 Bei der Virféierung vu Postrakéiten vum Gerhard Zucker explodéiert eng Rakéit kuerz no dem Start, Stécker vun der Rakéit treffen d'Leit, déi nokucken.
14. Dezember 1966 Baikonur, Kasachstan 1 (?) Fehlstart vun engem onbemannten Sojus-Raumschëff. De Rettungstuerm setzt d'Rakéit a Brand, déi dorops hin explodéiert.
26. Juni 1973 Plessezk, Sowjetunioun 9 Explosioun vun enger Kosmos-3M op der Startramp.
18. Mäerz 1980 Plessezk, Sowjetunioun 48 Explosioun vun enger Wostok-2M op der Startramp.
14. Februar 1996 Xichang, Volksrepublik China 6 Ofstuerz vun enger LM-3B-Rakéit kuerz no dem Start an een Duerf an der Ëmgéigend.
15. Oktober 2002 Plessezk, Russland 1 Explosion beim Start einer Sojus-Rakete.
22. August 2003 Alcantara, Brasilien 21 Explosioun vun enger VLS-1-Rakéit op der Startramp.

Déidlech Rakéitenaccidenter bei bemannten Flich an der Raumfaart [änneren]

Datum Fluchkierper Zuel vun Affer Aart vun Accident
1. Mäerz 1945 Bachem Ba 349 Natter 1 Ofstuerz no dem Start. Éischte bemannte Rakéitefluch iwwerhaapt. Pilot: OLT Lothar Sieber. Eng Starthëllefsrakéit konnt net ofgeworf ginn, wat bei dem uschléissendem Manöver d'Ausléise vum Bremsfallschierm verhënnert huet.
28. Januar 1986 STS-51-L (Challenger) 7 Explosioun kuerz no dem Start. Ofgasen aus enger ondichter Starthëllefsrakéit waren Ursaach vun der Explosioun vum Haaptdreifstofftank.
1. Februar 2003 STS-107 (Columbia) 7 Auseneenbrieche vum Shuttle beim Antrëtt an Äerdatmosphär. Ursaach war een Defekt um Hëtzschëld vum Shuttle, ervirgeruff duerch Isolotiounsdeeler déi beim Start erofgefall waren, an de Schutzmantel beschidegt haten.

Literatur [änneren]

  • Volkhard Bode, Gerhard Kaiser: Raketenspuren. Peenemünde 1936-1996 - Eng historesch Reportage mat aktuelle Fotoen. Christoph Links Verlag - LinksDruck GmbH, Berlin 1996, ISBN 3-86153-112-7
  • Gerhard Reisig: Raketenforschung in Deutschland. Wie die Menschen das All eroberten. Agentur Klaus Lenser, Münster 1997, ISBN 3-89019-500-8
  • Michael J. Neufeld: Die Rakete und das Reich. Wernher von Braun, Peenemünde und der Beginn des Raketenzeitalters. Henschel Verlag, Berlin 1999, ISBN 3-89487-325-6
  • Harald Lutz: Die vergessenen Raketenexperimente von Cuxhaven. Sterne und Weltraum 44(3), S. 40 - 45 (2005)
  • Werding ... "So flogen schon die Pharaonen", ISBN 3-9800989-5

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Rakéiten – Biller, Videoen oder Audiodateien